Entrevue mat der MemoShoah asbl an dem Consistoire Israélite

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Démocratie, Etat, Institutions
Auteurs : 
Adam Claude, Kmiotek Christian, Kox Henri, Loschetter Viviane

Publié le

En Donneschdeg war eng Delegatioun vun der MemoShoah asbl.an dem Consistoire Israélite de Luxembourg op Besuch an der grénger Fraktioun

Hei goufen si vum Parteipresident Christian Kmiotek, der Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter, den Députéierte Claude Adam an Henri Kox an dem Fraktiounssekretär Dan Michels empfaangen. An enger ganz interessanter an konstruktiver Diskussiounsronn goung et ënnert anerem iwwert de Rapport Artuso, also em d'Situatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg an den 30ger Joeren an em der Lëtzebuerger Administratioun hire Rôle bei der Verfolgung vu Judden am 2. Weltkrich. Fir déi gréng ass et kloer, datt dëst Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht muss weider opgeschafft ginn, datt weider onofhängeg Fuerschungsaarbecht néideg ass an datt et och zu enger politescher Unerkennung vun dësem Kapitel komme muss. Aner Themen an der Entrevue waren d’Erënnerung un d'Shoah an d'Thema Holocaust an der schoulescher Bildung.

gréng Blogs