Entrevue mat der FNML

Archive

5. September 2017

Kierzlech huet d’Deputéiert Josée Lorsché d’Vertrieder vun der Fédération nationale de la mutualité luxembourgeoise (FNML) empfaang

Thema vum Austausch war déi geplangte Reform vum Gesetz iwwer d’Mutuellen.

De Gesetzesprojet gëtt vum Secteur vun de Mutuellen a vun de Beruffskummere kritesch kommentéiert. Problemematesch wieren ënner anerem déi geplangten Ännerungen am Beräich vun de Placementsméiglechkeeten fir de Mutuellen hire Patrimoine. Mee och déi aktuell Gesetzeslag ass op dësem Punkt vereelzt, sou datt hei en akuten Handlungsbedarf besteet.

Et gouf och ënnerstrach, datt vill mëttel a kleng Mutuellen net déi néideg Masse critique hunn, fir hire Patrimoine selwer effikass ze verwalten an zum Beispill d’Astelle vun engem externen Expert-comptable ze finanzéieren, sou wéi de Gesetzesprojet dat viergesäit. Hei misst en alternativen Organisatiounsmodell geschaf ginn, bei dem de Contrôle financier fir all d’Mutuellen zentral organiséiert gëtt, ähnlech wéi zum Beispill bei de Gemengefinanzen. De Gesetzesprojet wäert demno nach fir genuch Diskussiounsstoff an der zoustänneger Chamberskommissioun suergen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don