Entrevue mat der FHL

Archive

3. Februar 2017

Eis Deputéiert Josée Lorsché huet dës Woch Vertrieder vun der Fédération des hôpitaux luxembourgeois(fhl) empfaang.

Am Mëttelpunkt vun der Diskussioun stoung dat neit Spidolsgestz, wat am Laf vun den nächste Wochen an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert gëtt. D’Gouvernance vun de Spideeler muss laut der FHL iwwerduecht ginn, fir qualitativ héichwäerteg Servicer am ganze Secteur kënnen ze assuréieren ouni datt d’Käschten aus dem Rudder lafen. Fir dest Zil z’erreechen, sollen d’Akeef vu Materiel u streng Qualitéiskritäre gebonne ginn. Dobäi kënnt, datt d’carte sanitaire aktualiséiert muss ginn an datt méi Transparenz bei den Ofrechnungen entsteet. Dat heescht, datt sämtlech Leeschtunge vun den Dokteren a vun de Spidolsservicer an enger entspriechender Dokumentatioun musse festgehale ginn. Donieft ass och iwwer déi verschidde Statuten an Aktivitéite vun de Spidolsdokteren diskutéiert ginn. Wat de Virage ambulatoire ugeet, waren d’Vertrieder vun der FHL der Meenung, datt des nei Approche eng gutt Organisatioun viraussetzt, mä generell kee Problem wäerd schafen.

v.l.n.r.

Prof. Hans-Joachim Schubert, M. Marc Hastert, M. Paul Junk, Jean Claude Freichel, Dr Michel Nathan, Josée Lorsché, Dr Marc Graas

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don