Entrevue mat der FEDIL

Archive

16. Juli 2015

Dës Woch hunn de Christian Kmiotek, d’Viviane Loschetter an den Henri Kox, d’FEDIL, d’Federation des Industriels Luxembourgeois, an der grénger Fraktioun empfaangen.

Bei dëser Entrevue huet d’FEDIL hier Prioritéite fir d’Lëtzebuerger EU Presidence virgestallt. D’FEDIL setzt sech dofir an, dat während der Lëtzebuerger Presidence virun allem a 6 Beräicher Fortschrëtter gemaach solle ginn. D’FEDIL plädéiert fir eng ambitiéis a kompetitiv Industriepolitik, eng Energie-Unioun um Europäesche Plang, gekoppelt mat realistesche Klimaziler, den Avancement vun der Innovatioun an der Fuerschung, en europäesche Bannemaart deen den Erausfuerderunge vun der Zukunft standhaale kann, eng horizontal Approche bezüglech der numerescher Economie, souwéi engem vereinfachten Uschloss fir déi europäesch Industrie un de globale Marché.

D’Gespréichspartner ware sech eenz, dat et wichteg fir d’Zukunft vun der lëtzebuerger Wirtschaft ass, dat och weiderhin no nohaltegen Nische gesicht gëtt an dat effizient Synergien tëscht dem privaten an ëffentleche Sektor geschafe ginn. Et ass ausserdeem wichteg, dat och weiderhin an d’Recherche investéiert ginn.

Donieft hunn d’Vetrieder vun der FEDIL och nach hier Learning Factory zu Féiz virgestallt. Et ass dëst e Projet, dee säit 2014, Lëtzebuerger an auslännesche Firmen aus der Industrie-Branche dobäi hëlleft, fir méi Energie-Effizient ze ginn , an domat och hier CO2-Emissiounen erofzeschrauwen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don