Entrevue mat der Erwuesse Bildung

Archive

5. März 2015

De Méinden huet sech de Claude Adam an der grénger Fraktioun mat Vertrieder vun der Erwuesse Bildung asbl.getraff.

Heibäi huet et sech em en éischte Besuch vun der Erwuesse Bildung an der grénger Fraktioun gehandelt. Bei der Entrevue ass et de Vertrieder vun der Erwuesse Bildung net nëmmen dorëms gaange fir hir villsäiteg Aarbecht virzestellen, mä virun allem dorëms fir e géigesäitegen Austausch iwwert Theme wéi Pressefräiheet, Liesfuerderung a Mediendidaktik an de lëtzebuerger Schoulen anzeleeden. An enger interessanter Diskussioun sinn awer och aner Theme gaangen, wéi zum Beispill d’Aktioun Autofaaschten an d’Astellunge vun deene verschiddene Glawensgemeinschaften zum Thema Ëmweltschutz.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don