17. November 2016
Kierzlech huet d’Deputéiert Josée Lorsché eng Delegatioun vun der COPAS empfaang, fir iwwer d’Reform vum Gesetz vun der Assurance Dépendance ze diskutéieren.
Déi zwou Säite ware sech eens, datt d’Qualitéit vun de Prestatioune muss am Mëttelpunkt vun där Reform stoen. Och d’Präventioun vun der Ofhängegkeet muss am neie Gesetz gestäerkt ginn, well se op laang Siicht Käschte spuert. Donieft gouf festgestallt, datt eng besser Vernetzung vun de verschiddene Gesondheets- a Fleegeleeschtunge muss stattfannen. Am Fall vun engem Spidolsopenthalt kann dëst dozou bäidroen, de sougenannte „virage ambulatoire“ am Spidolswiesen z’ënnerstëtzen.