Entrevue mat der ASPOS

Archive

9. Juli 2015

En Dënschde Mëtte ware Représentante vun der Association du Personnel des Services de Psychologie et d’Orientation Scolaires et du Centre de Psychologie et d’Orientation Scolaires A.S.B.L. (ASPOS A.S.B.L.) bei eis an der Fraktioun fir iwwer de Gesetzprojet 6787, betreffend der professioneller a schoulescher Orientatioun, ze schwätzen.

Empfaange goufen si vum gréngen Deputéierte Claude Adam.

Enner anerem hunn di Delegéiert vum CPOS hir Bedenken dozou, dass si laut dem Gesetzprojet, en Deel vun der Autoritéit am SPOS verléiere sollen, dass hiren Numm soll geännert/gekierzt ginn an dass si nëmmen nach déi Schüler consultéieren däerfen, déi bei si geschéckt ginn.

Am grousse Ganze war et en interessanten Austausch an et kënnt een zum Schluss dass een d’Iddie vun der ASPOS zu ‚hirem‘ Gesetzprojet op alle Fall an der zoustänneger Kommissioun wäert zur Sprooch bréngen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don