Entrevue mat der ANIL

Archive

27. Februar 2018

Kierzlech huet ons Deputéiert Josée Lorsché sech mat Vertriederinne vun der ANIL, der „Association nationale des infirmières et infirmiers luxembourgeois“ getraff.

D’Hapttheme vun der Entrevue waren d’Schwieregkeete am Beruffsalldag, d‘Opwäertung vun der Aus- a Weiderbildung vun den Infirmièren an d’Erausfuerderungen un de Gesondheets- a Fleegegesystem, am Kontext vun der steigender Liewenserwaardung vun eiser Populatioun. Iwwer déi negativ Auswierkunge vun der Reform vun der Fleegeversëcherung op d’Qualitéit vun der Infirmièresaarbecht, wéi och op d’Prise en charge vun de fleegegebedierftege Patiente gouf och geschwat.

D’Associatioun hofft, datt dës Themen am Kader vun de Chamberwahle bei de politesche Parteien, mä och an der Ëffentlechkeet wäerte Gehéier fannen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don