Entrevue mat der ALEM

Archive

25. März 2016

Dës Woch war eng Delegatioun vun der Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine (ALEM) an der grénger Fraktioun.

Bei dëser Entrevue hunn déi Responsable vun der ALEM mat eisen Deputéierte Josée Lorsché a Claude Adam iwwert déi demographesch Entwécklung vun de Medeziner zu Lëtzebuerg geschwat. An enger entspriechender Publikatioun huet d’ALEM de Risiko vun engem zukünftege Doktermangel zu Lëtzebuerg mat Zuele beluecht. En anert Thema war de Projet Luxembourgish Medical School. Hei stoungen déi méiglech Ausriichtunge vun esou engem Modell an d’Zesummenaarbecht mat auslänneschen Universitéiten am Mëttelpunkt vun der Diskussioun. An deem Beräich ass och d’Wichtegkeet vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg ënnerstrach ginn.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don