Entrevue mat der ALBSC asbl.

Archive

22. September 2016

Dës Woch war eng Delegatioun vun der Association Luxembourgeoise des Bachelors scientifiques (ALBSC) an der grénger Fraktioun.

D’ALBSC ass eng professionell Associatioun aus dem Gemengesecteur, an där sech d’Ingénieurs Techniciens (i.e. d’Bachelors scientifiques) zesummegeschloss hunn, fir gemeinsam hier Intressen no baussen ze vertrieden. Während enger konstruktiver Reunioun hunn de Frank Weisgerber, de Guy Weis, de Robert Pauwels an de Georges Schmit vun der ALBSC, eisem Deputéierte Gérard Anzia a eisem Fraktiounssekretär Dan Michels hier Iwwerleeungen a Verbesserungsvirschléi bezüglech den Detailer, Modalitéiten, an de Konditioune vun der Carrière fir d’Bachelors scientifiques an der Gemeng virgestallt.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don