Entrevue mat der ALBSC

Archive

9. Juli 2015

En Dënschde Mëtten hunn de President Joël Meyers, de Sekretär Franco Losavio an de Guy Weis vun der a.s.b.l. ALBSC (Association Luxembourgeoise des Bachelors scientifiques des Communes et des Syndicats de Communes) déi gréng an der Fraktioun besicht.

Si goufe vun den Deputéierte Claude Adam a Gérard Anzia empfaangen.

D’ALBSC asbl. huet sech zum Zil gesat, hier Memberen z’informéieren, d’Kommunikatioun ënnert de Memberen ze erliichteren an den Zougang zu interessante Formatiounen ze förderen, an och selwer esou Formatiounen z’initiéieren.

Problemfelder, déi vun de Vertrieder vun der ALBSC opgeworf gi sinn:

  • Den „délégué à la sécurité“, fir dee wéineg Formatiounen ugebuede ginn, a wou d’Missioune vun den ënnerschiddlechste Persoune mat ganz ënnerschiddleche beruffleche Statuten ausgefëllt ginn.
  • Et ass um Terrain oft schwiereg, de Kontroll, op d’Baugenehmegungen, déi d’Gemengen ausstellen, och agehal ginn, ze maachen. Och de Kontroll vum Energiepass stellt d’Gemengentechniker virun eng grouss Erausfuerderung.
  • Eng Rei Doléancen, déi d’Gehälter betreffen.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don