Entrevue mat der ALBAD

Archive

28. Februar 2018

D’Asssociatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten & Dokumentalisten war fir eng Entrevue an der grénger Fraktioun

Kierzlech hunn d’Vertrieder vun der „Asssociatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten & Dokumentalisten“ (ALBAD) sech mat eisem Deputéierten Claude Adam getraff.

D’Vertrieder vun der Associatioun hunn virun allem drop opmierksam gemaach, dat d’Bibliothéiksgesetz misst iwwerschafft ginn. Si hunn doriwwer eraus hir allgemeng Zefriddenheet iwwert dat kommend Archivgesetz ausgedréckt , awer am dem Kontext op den groussen Bedarf u qualifizéiertem Personal am Archivwiesen an op d’Noutwendegkeet fir en Neibau fir d’Nationalarchiv gemaach. Am Beräich vum Buchwiesen missten zudeem onbedéngt Moossnamen ergraff ginn, fir den nationalen Eenzelhandel ze ënnerstëtzen.

D’Associatioun hofft, datt dës Themen am Kader vun de Chamberwahle bei de politesche Parteien, wäerten Gehéier fannen.


 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don