Entrevue mat der AEM

Archive

28. Februar 2018

Dës Woch war d’Association des Ecoles de Musique du Grand-Duché de Luxembourg fir eng Entrevue an der grénger Fraktioun

Kierzlech hunn d’Vertrieder vun der „Association des Ecoles de Musique du Grand-Duché du Luxembourg“ (AEM) sech mat eisem Deputéierten Claude Adam getraff.

Et ass de Vetrieder virun allem dorëms gaangen, dorop opmierksam ze maachen, dat  d’Museksschoulgesetz vun 1998 onbedéngt misst reforméiert ginn. Sou wären virun allem Ännerungen am Beräich vun der Organisatioun vum Unterrecht an vum Finanzement néideg. All d’Gemengen missten zudeem dozou ugehalen ginn, Museksunterrecht unzebidden an d’Minerval missten landeswäit harmoniséiert ginn.

D’Associatioun hofft, datt dëst Thema am Kader vun de Chamberwahle bei de politesche Parteien, wäert Gehéier fannen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don