23. Januar 2015
No enger éischter Entrevue am Oktober d’lescht Joer huet de Claude Adam dës Woch d’Association des Chargés de l’Enseignement National (ACEN) fir d’Zweet getraff, a krut en Update vun hiren Aktivitéiten zanter deem.
Bei der Entrevue dës Woch huet d’Delegatioun vun der ACEN dem gréngen Deputéierten och eng Lescht mat Fuerderunge virgeluecht fir déi d’Vertriedung vun de Chargéen sech weiderhi konkret wäert asetzen. Wéi schonns bei der leschter Entrevue louchen och dës Kéier d’Schwéierpunkte vun den Diskussioune bei den allgemengen Aarbechtsbedingunge vun de Chargéë souwéi bei der Unerkennung vun hiren Diplomer.