3. März 2016
Dës Woch war d’Association des companies d’assurances (ACA) an der grénger Fraktioun.
D’Vertrieder vun der ACA hunn d‘Entrevue dofir genotzt, eiser Fraktiounspresidentin Vivane Loschetter, an eisem Députéierten Henri Kox hir Associatioun ze presentéieren. Dobäi si si och op d’Problemer vum Sektor an op déi zukünftlech Herausfuerderunge fir Assurancen hei zu Lëtzebuerg agangen. Themen iwwer déi geschwat goufen waren ënnert aanerem de BEPS, d’Evolution vum Secret Professionel an d’Reform vum legale Kader vun der Re-Assurance.