Entrevue mat dem SEW

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Education et Enseignement
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

De Mëttwoch hunn den Deputéierte Claude Adam an de Fraktiounssekretär Dan Michels eng Delegatioun vun Enseignanten, Chargé(e)s de Coursen, Student(inn)en, a Stagiären vun dem Departement Fondamental vun der SEW (Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) an der grénger Fraktioun empfaangen. D’Delegatioun vun der SEW huet en Argumentaire bezüglech der Reform vum Enseignants Léiergang virgestallt a sech mam Claude Adam virun allem iwwert den « Stage » vun zukünftege Léierinnen a Schoulmeeschter ënnerhalen.