Entrevue mat Amnesty International Lëtzebuerg

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères Economie et Finances Justice
Auteurs : 
Adam Claude, Kmiotek Christian, Kox Henri, Loschetter Viviane

Publié le

Dës Woch war eng Delegatioun vun Amnesty International Luxembourg an der grénger Fraktioun : de Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International Luxembourg an d’Antoniya Argirova, Coordinatrice fir Campagnen a Kommunikatioun.

Si goufe vun eise Parteipresidente Françoise Folmer a Christian Kmiotek, vun eiser Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter, a vun eisen Députéierte Claude Adam an Henri Kox empfaangen. Während der Entrevue huet d’Delegatioun vun Amnesty hire Rapport Banks, Arms and Human Rights Violations virgestallt an ass op d'Fuerderunge vun Amnesty bezüglech den Investissementer vu Banken hei zu Lëtzebuerg an d’Waffenindustrie agaangen. D’Delegatioun vun Amnesty International an déi gréng waren sech eenz, dass et wichteg ass, dass Banken zu Lëtzebuerg net sollen an d'Produktioun vu verbuedene Waffen investéiere kënnen. Dës implizéiert si nämlech direkt a Verletzunge vu Mënscherechter. Aner Themen, wéi d’Situatioun vun de Flüchtlingen a Migranten, an de Mënscherechter zu Lëtzebuerg goufen och abordéiert.

 

gréng Blogs