Entrevue mam LCGB

Archive

24. November 2017

Viru kuerzem hu sech Vertrieder vun der grénger Fraktioun, Parteispëtzt a Regierungsmembere mat enger Delegatioun vum LCGB fir en Austausch getraff.

De President Patrick Dury, de Generalsekretär Christophe Knebeler, an d’Kommunikatiounsassistentin Katja Samson waren do fir sech mat de Vertrieder vun der grénger Partei auszetauschen. Am Mëttelpunkt stoungen eng Rëtsch sozial Themen. Et goung ënner anerem ëm Ongläichheeten tëscht dem privatem an dem ëffentlechem Secteur, d‘Prozedure bei Aarbechtsonfäegkeet, d‘Problematik vun de maximal 52 Krankheetswochen, de Kampf géint Laangzäitaarbechtslosegkeet, an Ongerechtegkeete bei der Besteierung vu bestuete Frontalieren. D’Gewerkschaftsvertrieder hunn hirersäits begréisst, datt et dëser Regierung gelongen ass, wichteg Debatten iwwert d’Zukunft vum Land unzestoussen an esou sozial relevant Theme wei d’Digitaliséierung vun der Aarbecht opzebréngen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don