Ebola: 3 Froen un d’Josée Lorsché

Archive

24. Oktober 2014

Kuerzinterview mam Josée Lorsché iwwert Virsiichtsmoossnamen zu Lëtzebuerg, d’Situatioun um afrikanesche Kontinent an den Ëmgang mam Sujet.

No de Fäll a Spuenien an den USA froe sech d’Leit: ass Lëtzebuerg op den Eeschtfall virbereed?

Josée Lorsché: D’Regierung huet am September en Noutfallplang virgestallt, deen an Zesummenaarbecht mat de Spideeler, den Dokteren, der Douane an anere Servicer ausgeschafft gouf. Ech hunn doropshin ugefrot datt och d’Gesondheetskommssioun vun der Chamber dëse Plang presentéiert kritt, fir doriwwer diskutéieren ze kënnen. Am Eeschtfall läit den Däiwel am Detail. Dowéint musse mir schonn elo mat den Nopeschlänner Kontakt ophuelen, well mir eng gréisser Epidemie net eleng an de Grëff kréien. Dee beschte Schutz ass a bleift déi international Zesummenaarbecht an natierlech d’Mëttelen, déi dofir zur Verfügung gestallt ginn.

Hei an Europa schwätze mir am Moment jo reng hypothetesch. Um afrikanesche Kontinent huet de Virus awer schon iwwer 4.500 Doudesaffer gefuerdert. Wat kënne mir, respektiv d’EU ënnerhuelen, fir de Leit dohannen ze hëllefen?

Josée Lorsché: Déi international Kommunautéit huet méintelaang nogekuckt an d’ONGen um Terrain eleng gelooss, och wéi se schon Alarm geschloen hunn a gewosst war, datt d’Situatioun aus dem Rudder géing lafen. Elo ass et wichteg, datt mir international ofgestëmmten Hëllef um Terrain garantéieren. Dee gréisste Problem ass jo, datt et net genuch qualifizéiert Personal gëtt fir ze hëllefen. Op verschiddene Plaze kënne just 25% vun de Patiente behandelt ginn. Des Epidemie huet awer och sozial a wirtschaftlech Konsequenzen op Westafrika a riskéiert, d’Fortschrëtter aus de leschten 20 Joer réckgängeg  ze maachen.

D’Angscht viru potentiell déidlechen Epidemien riskéiert zu irrationaler Hysterie ze féieren. Wéi mussen d’Politik an d’Medien mat sou Sujeten ëmgoen? 

Josée Lorsché: D’Politik an d’Medien mussen d’Leit gutt a richteg informéieren, fir Panik an eiser Gesellschaft ze verhënneren. Dowéint organiséieren déi gréng deemnächst en Informatiounsowend mat Vertrieder vu Médecins sans frontières, dem Gesondheetsministère an dem Centre Hospitalier, respektiv dem CRP Santé, wou d’Bierger an d’Biergerinne Froen un d’Expertë stelle kënnen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don