Dreiländer-Aktion gegen Tihange

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Ecologie et environnement, Energies
Auteurs : 
Kox Henri

Publié le

Dräi Froen un den Henri Kox iwwer d'grenziwwerschreidend Initiativ géint den Atomreakter Tihange 2

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dës Woch war de gréngen Deputéierten a Buergermeeschter vu Réimech Henri Kox zesumme mat Vertrieder vu ronn 80 Gemengen aus Lëtzebuerg, Holland an Däitschland zu Bréissel, fir mam President vum EU Parlament iwwer d’Zukunft vum belschen Atomreakter Tihange 2. ze schwätzen.

Wéi ass dës Initiativ zustane komm?

Henri Kox: D’Städteregion Aachen hat no der Decisioun dass Tihange 2 trotz dausende vu Microrëss erëm géif un d’Netz goen, decidéiert rechtlech dogéint virzegoen. Et war du séier kloer, dass och aner Gemenge ronderëm dës Schrëtter wéilten ënnerstëtzen, also gouf d‘“Dreiländer-Aktion gegen Tihange“ an d’Liewe geruff. Eng éischt Klo huet Oochen schonn alleng gemaach. Lo gëtt awer nach eng international zivilrechtlech Klo géint Tihange virbereet wëll de Vorsorgeprinzip net agehale gëtt. D’Sécherheet vun der Biergerinnen a Bierger an der Groussregioun muss garantéiert sinn, wat mat de Mikro-Rëss am Reakter zu Tihange net de Fall ass, well hiren Ursprong an hiren Impakt am Fall vun engem Störfall net gekläert sinn. Zu Lëtzebuerg ënnerstëtze schonn 34 Gemengen dës Aktioun, mee aus juristesche Grënn ka sech just eng eenzeg Gemeng am Numm vun deenen anere bedeelegen. Dozou huet sech dunn d‘Gemeng Wolz bereet erkläert.

Wat ass bei der Entrevue mam Martin Schulz zu Bréissel erauskomm? 

Henri Kox: Ech hunn zesumme mat de Buergermeeschter vu Wolz, Rammerech an Iechternach déi 34 Lëtzebuerger Gemengen, déi dës grenziwwerschreidend Initiativ ënnerstëtzen am Parlament zu Bréissel vertrueden. Mir haten eng ganz konstruktiv Diskussioun mam Här Schulz, deen och der Meenung ass, dass mer net mat Tihange an dësem Zoustand liewe kënnen a sollen. Hien wäert eis Froen a Bedenken un d’EU Kommissioun weiderginn, an et an den zoustännege Kommissiounen am Parlament thematiséieren.

Wieren och géint de Reakter zu Cattenom ähnlech rechtlech Schrëtter méiglech?

Henri Kox: Jo. Dës Initiativ ass e ganz nëtzlecht Beispill a liwwert eis eng Partie wichteg Informatiounen. Am Moment préiwe mer, a weiwäit rechtlech Schrëtter géint Cattenom no der europäescher an der franséischer Rechtslag méiglech sinn. Mir haten och grad elo dës Woch schonn en éischte Kontakt mat enger franséischer Affekotin, déi viru kuerzem mat der Schwäizer Stad Genf eng Klo géint d‘Atomzentral Bugey agereecht huet. Mir bleiwen dohannert!

gréng Blogs