D’Quote sinn net d’Zil, mee se sinn de Wee

Archive

25. November 2016

D’Ried vum Josée Lorsché zum Gesetzprojet 6892

Dës Woch gouf an der Chamber de Gesetzprojet 6892 ugeholl.

Domadder gouf eng Mindestquot vu 40% vum ënnerrepresentéierte Geschlecht op de Wahllëschte bei National- an Europawahle festgeluecht. Déi Parteien déi sech net un dës Quot halen, mussen an Zukunft mat enger Kierzung vun hirer staatlecher Bäihëllef rechnen. Fir déi gréng, déi säit jeehier paritär Wahllëschten hunn ass dëst e wichtegen Schratt no vir.

En zweete Volet am Gesetzesprojet suergt fir déi finanziell Gläichberechtegung vu Fraen a Männer déi déi nämmlecht Aarbechtsleeschtung erfëllen. De „Code de travail“ gouf esou geännert, datt Employeuren, déi sech net un dëse Prinzip halen, an Zukunft mussen Strofen zwëschen 251 an 25.000 Euro bezuelen. Och dëst ass eng wichteg Initiativ fir déi haartnäckeg Lounschéier tëscht Fraen a Männer am Privatsecteur definitiv ze behiewen.

Fir déi gréng huet d’Josée Lorsché an der Chamber zu dësem Projet geschwat.

 

[[{„type“:“media“,“view_mode“:“media_large“,“fid“:“6640″,“attributes“:{„class“:“media-image“,“height“:“200″,“width“:“260″}}]]

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don