D'Mäerche vum Atomstroum

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Energies
Auteurs : 
Kox Henri

Publié le

D’Mäerche vum bëllegen ëmweltfrëndlechen Atomstroum - Äntwert vum Henri Kox op e Lieserbréif.

D’Mäerche vum bëllegen ëmweltfrëndlechen Atomstroum

Äntwert op de Lieserbréif vum Bill Wirtz      (Wort 22/10/2016)

Leschte Samschden war e Lieserbréif mat folgendem reissereschen Titel iwwerschriwwen : "Mat gréngen Horrorszenariemat de Gefiller vun de Leit spillen. D'Angscht virun der Atomenergie gëtt äis an d'Ëmwelt eng deier". An dësem Artikel betitelt den Auteur Bill Wirtz d'Atomenergie als "bewisenerweis déi effizientsten an ëmweltfrëndlechsten Alternativ fir Energieproduktioun, déi mer haut hunn".

Beim Liesen hunn ech mech an d'70er Joare vum leschte Joarhonnert versat gespiert, wou ähnlech Argumenter vun der Propagandamachinnerie fir eng Lëtzebuerger Atomzentral zu Remerschen, gepriedegt goufen. Mat Bléck op déi sëlleche Skandaler, op déi ongeléisten Offallproblemer, op eng zimlech dreckeg Brennstoffproduktioun, op déi enorm Käschten an natierlech op d’Akzidenter a Katastrophë wéi zu Tschernobyl an zu Fukushima, léiert eis d’Geschicht an och d’Realitéit um Terrain definitiv eppes Aneres.

Ech si schockéiert mat wéi enger Liichtfankegkeet hei iwwer d'Leed vu ville Leit ewechgaange gëtt, déi hiert d'Liewen hu misse loossen, oder hier Regioun fir ëmmer hu misse verloossen! Schonn alleng d’Katastrophen zu Tschernobyl a Fukushima hunn eis gewisen, dat dës Technik weder sécher, nach ëmweltfrëndlech oder bëlleg ass. Déi ukrainesch wéi och déi japanesch Bevëlkerung wäerten nach iwwer Joarzéngte vill Milliarde mussen opbréngen, fir d'Folgekäschten ze bewältegen.

Fukushima ass eréischt 5 Joar hier an d’Japaner plangen Opraumaarbechte vu mindestens 40 Joar a si momentan awer nach ëmmer mat der Fuite vu radioaktiv verseuchtem Waasser beschäftegt. D’Tschernobyl-Katastrophe ass hirersäits schonn 30 Joar hier. Hei baue grad Aarbechter ënnert liewensgeféierleche Konditiounen eng nei gigantescher Kuppel déi den explodéierte Reakter fir 100 Joarsoll schützen. Des Aarbechte bezuelen iwwregens gréisstendeels mir Alleguerten : d’G7-Länner an d’EU. Fazit : Och 30 Joer no enger Katastrophe ass nach keen Enn a Siicht, weder vun den Aarbechten, nach vun der radioaktiver Strahlung am Reakter, nach vun de Käschten déi dat nach iwwert déi nächst Joarzéngte wäert mat sech bréngen.

De Lieserbréifschreiwer betount virun allem den ekonomeschen Aspekt a schreift datt een d’Atomzentralen all misst privatiséiere fir se nach méi bëlleg, sécher an effizient ze maachen. Och dat ass a mengen Aen beschtefalls naiv. Déi normal Produktioun vun enger kWh-Atomstroum ass haut schonns méi deier, wéi de Stroumpräis op der Bourse oder wéi de Stroum aus grousse Solar- oder Wandenergieanlagen. A während d’Erneierbar Energien ëmmer méi bëlleg ginn, gëtt d’Atomenergie trotz joarzéngtelaange Subventiounen ëmmer méi deier. Dat ass d’Realitéit ! Wann de fräie Maart dat misst reegelen, da géif et scho laang keng Atomkraaftwierker méi ginn.

Déi lafend AKW-Neibau Projeten a Finnland an a Frankräich an och deen ëmstriddene Projet an England (Hinkley Point) si Beweis genouch fir d’eklatant Onwirtschaftlechkeet vun der Atomenergie! Bei den zwee éischte Projeten hunn sech d’Käschte mëttlerweil verdräifacht an et gëtt Retarde vu bis zu 10 Joar. A beim drëtte Versuch zu Hinkley Point huet de britesche Staat während 35 Joer e feste Verkafspräis vun 11 Cent pro kWh misse garantéiere fir iwwerhaapt eng Firma ze fannen. Gréisser Solarzentrale produzéiere Stroum ewer schon haut ënner 8 Cent/kWh a modern on-shore Wandrieder souguer schonn ab 6 Cent/kWh. Deemno ass Atomenergie alles mee net kompetitiv. Dobäi sinn d’Käschte vum ongeléiste Problem vum radioaktiven Offall nach guer net berécksiichtegt.

Säit der Katastroph vu Fukushima, mee och scho virdrun, weist sech hei zu Lëtzebuerg e Partei- a Gesellschaftsiwwergräifende Konsens géint d'Notzung vun der Atomenergie. Dat ass richteg an och goud esou. Déi jëtzeg Regierung schwätzt sech bei all méiglecher Geleeënheet souwuel zu Paräis, wéi zu Bréissel oder op EU Niveau konsequent géint d'Notzung vun der Atomenergie aus. Iwwer 40 Gemengeréit déi iwwer 75 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung representéieren hunn sech dëst Joer direkt der internationaler Klo vun der Städteregion Aachen géint déi belsch Atomzentral zu Tihange ugeschloss. An d’Lëtzebuerger Regierung klot zesumme mat Éisträich virum Europäesche Geriichtshaff géint déi extrem héich Subventioune fir den Atom-Projet zu Hinkley Point.

D'Erausfuerderungen an der Klimapolitik sinn ze grouss, ze dréngend an ze eescht, fir sech hei nach ëmmer mat alen a falschen Argumenter vun der sécherer a propperer Atomenergie erëmzeschloen. Wee seng Milliarden an d’Atomenergie stécht, verschäerft just dëse Problem, well en huet da kee Geld méi iwwereg fir déi wierklech Léisungen. D'Alternativen heeschen nämlech erneierbar Energien, dezentral produzéiert Energië fir d'Bierger a mat de Bierger. Si si méi bëlleg. Si sin sécher an ëmweltfrëndlech. Si stäerken déi lokal a regional Wäertschöpfung a maachen eis manner ofhängeg vun Energieimporter.

Am Respekt virun den Affer vun der Notzung vun der Atomenergie, souwéi am Respekt virun den zukünftege Generatioune maachen ech hei e wuarmen Appell, eis konsequent a resolut fir eng nohalteg Energieversuergung anzesetzen.

Henri Kox, Buergermeeschter vu Réimech a gréngen Deputéierten

 

gréng Blogs