D’Josée Lorsché zum Tram

Archive

2. Juni 2014

E Mëttwoch gëtt no knapp 25 Joer Diskussioun an der Chamber iwwert den Tram ofgestëmmt. An deem Kontext e Kuerzinterview mam Josée Lorsché, der Rapportrice vum Projet de Loi „Tram“.

Josée Lorsché, du bass rapportrice vum Projet de Loi Tram. Dat ass e Projet fir deen sech déi gréng scho laang asetzen. Elo gëtt doraus Realitéit. Wéi fills du dech als gréng Politikerin dobäi?

Et waren effektiv déi gréng, déi 1990 d’Iddi vum Tram lancéiert hunn an deemno och als éischt politesch Partei fir den Tram agetruede sinn. Doropshin ass d’Iddi vun engem Tram fir Lëtzebuerg positiv vun eenzelnen ONG‘en a Gewerkschaften opgegraff ginn. Kuerz duerno ass d‘ „Tram asbl“ gegrënnt ginn, nach éier d‘Stad Lëtzebuerg an déi deemoleg Regierung sech fir de Projet interesséiert hunn. Fir mech weist dat, datt ee vun „ënnen erop“ eppes bewierke kann, och wann ee vill Gedold muss opbréngen. Ech freeë mech natierlech, de Projet de loi 6626 an der Chamber virstellen ze däerfen, wéilt awer och all deenen e grousse Merci ausdrécken, déi sech iwwer déi lescht Joerzéngt fir den Tram a fir eng besser Mobilitéit zu Lëtzebuerg agesat hunn. Et ass och hire Verdéngscht, datt et elo sou wäit ass.

Wat bréngt den Tram?

Den Tram ass méi wéi e weidert Verkéiersmëttel an der Stad. E verännert d‘Mobilitéitsgewunnegten a ganz Lëtzebuerg. Den Tram ass de wichtegsten Deel – esou ze soen d’Réckgrad – vun enger ganzer Strategie, déi all d’Verkéiersmëttel, virun allem den Zuch, de Bus, den Auto an de Vëlo aschléisst an dem ëffentlechen Transport déi éischt Prioritéit araumt. Dat ass wichteg an eng vun de Konditiounen, fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land oprecht z‘erhalen. Mat dësem Projet schléisst Lëtzebuerg endlech op zu anere Stied, déi alleguer gutt Erfahrunge mam elektreschen Tram gemaach hunn. Aus deene Stied ass en haut net méi ewech ze denken.

Gutt, mä wat huet den Eenzelne vum Tram?

Fir déi vill Leit, déi Dag fir Dag mobil musse sinn – et ginn der ëmmer méi – ass den Tram e modernt, bequemt a pénktlecht Verkéiersmëttel, net nëmme fir ouni Stress op d’Aarbecht ze fueren, mä och an der Fräizäit. Mam Tram kann een an Zukunft déi wichtegst Aktivitéitszentren an der Stad Lëtzebuerg a ronderëm d‘Stad erreechen, ouni am Stau ze versénken.

Den Tram mécht och d’Liewen an d’Akafen an der Stad nees méi attraktiv, well den Traffik, de Kaméidi an d’Loftverschmotzung ofhuelen. Dat ass eng vu ville positiven Erfahrungen, déi an anere Stied gemaach gi sinn. Am Fong profitéiert jiddereen dovun: d’Awunner, d’Geschäftswelt an d’Pendler.

No méi wéi 20 Joer ass awer och an de leschte Wochen nach vill iwwert den Tram diskutéiert ginn, och ënnert de politesche Parteien. Wéi interpretéiers du déi Opreegung?

Et wäerten ëmmer Leit ginn, déi eng gewëssen Angscht viru Verännerungen hunn. Ëmsou méi, wann se Zäit a Geld kaschten. Och d‘Aschränkungen, déi duerch de Chantier entstinn, maache ville Leit Suergen. Dat ass verständlech. Fir mech däerf déi schwiereg Phase vum Bau awer net als Argument genotzt ginn, fir prinzipiell géint den Tram ze sinn. Schliisslech geet et hei net em Luxus, mä em eng wichteg Investitioun an d’Liewensqualitéit an an déi wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg! Dobäi kënnt, datt d’Roll vum Privatauto wäert ofhuelen. Och dat gefält net jidderengem an engem Land, an deem den Auto oft net nëmmen e Fortbeweegungsmëttel ass. Fir vill Leit ass den Auto nach ëmmer e Statussymbol an e Symbol vu perséinlecher Fräiheet an Identitéit. D‘„Alternativen“ zum Tram, déi an der Lescht am Gespréich waren, sinn all aus der Perspektive vum Auto opgestallt ginn an hätte just an e weidere Stau gefouert.

Wann den Tram bis fiert, da wäerten och seng Géigner vu senge Virdeeler profitéieren a kënnen hir Suerge vun haut vergiessen. Dovu sinn ech iwwerzeegt!

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don