De Fuerschungsprojet Clinnova

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Education et Enseignement Santé
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Dës Woch krute mir deen neie Fuerschungsprojet Clinnova an der Fraktioun virgestallt.

 

Et handelt sech heibäi ëm e Projet, deen am Kader um „Horizon 2020“ Programm vun der Europäescher Unioun 400.000 Euro Startkapital erhalen huet. D'Iddi hannert dem Projet ass et fir Lëtzebuerg am Beräich „Digital Health and Personalised Healthcare“ ze etabléieren an e Centre d'excellence an dësem Beräich hei am Land op ze bauen. De Projet ass a Kollaboratioun tëschent dem Luxembourg Institute of Health (LIH), dem Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) der Uni Lëtzebuerg, an dem Fonds National de la Recherche (FNR) entstanen. Fir de Projet virzestelle waren d'Dokter Françoise Meisch (Uni Lëtzebuerg) de Professer Markus Ollert (LIH) an den Dokter Frank Glod (FNR) an der Fraktioun. Nodeems e Businessplang fir Clinnova opgestallt gouf, ass deen nächste groussen Challenge, fir sech eng weider finanziell Bäihëllef vu bis zu 15 Milliounen Euro bei der Europäescher Kommissioun ze sécheren. Wann de Projet heibäi Erfolleg huet, wäert de Lëtzebuerger Staat och eng finanziell Hëllef via den FNR zur Verfügung stellen. Méi detailléiert Informatioune fannt Dir ënner www.clinnova.lu