De Felix Braz zur Lëtzebuerger Arméi

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Démocratie, Etat, Institutions
Auteurs : 
Braz Felix

Publié le

Der Lëtzebuerger Arméi geet et net gutt, an de Rapport, deen de Marc Fischbach no der "Boxemännerchersaffär" gemaach huet, weist dat och aus. D'Gesetz vum 21.12.2007 iwwert d'Arméireform huet net op all de Punkte gegraff an haut ass d'Arméi gespléckt tëscht UDO- an Net-UDO-Zaldoten. Dozou kënnt, de Recrutement läit net am Soll. Fir déi gréng ass kloer: den Ënnerscheed tëscht UDO- an Net-UDO-Zaldote soll opgehuewe ginn (...)

Ënnerscheeder soll et just nach beim Sold a bei de Primë gin. D'Formatioun um Bierg muss besser op d'Zäit no der Arméi preparéieren: d'Aglidderung an de Kader vun der Education Nationale begréissen déi gréng, mä vill Froe stinn do nach op. D'Perspektiv vun der militärescher Kooperatioun am BENELUX-Raum huet nach vill Erwoardungen net erfëllt an ass och wuel méi tëscht Belsch an Holland wéi mat Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Partizipatioun bei den NATO-Opklärungsdronen AGS ass grenzwäerteg. Dass d'SES iwwert eng Duechterfirma an d'Geschäft mat der Satelittesteierung vu Kampfdronen aklëmmt ass iwwert der Limite. déi gréng sinn dogéint!

gréng Blogs