D’Chamber Positioun zu CETA

Archive

10. Juni 2016

Dräi Froen un de Claude Adam

Dës Woch huet d’Chamber sech mam Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Kanada (CETA) beschäftegt. Bal eestëmmeg gouf eng kritesch Motioun vun der Regierungskoalitioun gestëmmt an där een och déi gréng Handschrëft erëmfënnt. Den Deputéierte Claude Adam gëtt eis weider Detailer:

Wat gouf dësen Dënschden an der Chamber gestëmmt?

Claude Adam: 58 vu 60 Deputéiert hunn dës Woch eng Motioun gestëmmt, déi d’Regierung ënner anerem opfuerdert, am EU Ministerrot ze verhënneren dass d’EU Komissioun aus CETA een „EU exklusiv“ Accord mécht, deen da net vun de nationale Parlamenter misst gestëmmt ginn. Lëtzebuerg ass domat dat éischt Land dat sech esou strikt an ëffentlech fir een Accord mixte asetzt, deen net nëmme vum EU Parlament, mee vun allen nationale Parlamenter misst ratifizéiert ginn. Doriwwer eraus fuerdert eis Motioun och, dass d’EU Parlament den CETA Text stëmme muss éier en dierf provisoresch a Kraaft trieden, wat laut EU Vertrag méiglech wär.

Wat steet nach an dëser Motioun?

Claude Adam: Ronderëm den CETA Accord bleiwe nach eng Rei wichteg juristesch Froen ze klären. Beispillsweis ginn d’Meenungen vun den Experten, ob och déi nei reforméiert Versioun vum ëmstriddene Schiidsgeriicht iwwerhaapt mat EU-Recht kompatibel ass, däitlech auserneen. Mat dëser Motioun fuerdere mer d’Regierung op, matzehëllefen fir dës Froen ze klären. Ausserdeem fuerdere mir, staark a kloer Regelen fir d‘Onofhängegkeet an d’Objektivitéit vun de Riichter vum proposéierten ICS Geriicht ze garantéieren, a si sollen déi selwecht Qualifikatiounen wéi d’Membere vum internationale Geriichtshaff mussen hunn. Nëmme sou kënne mer eventuell Interessekonflikter an d’Bevirdeelegung vu grousse Konzerner verhënneren.

Heescht dat lo dass di ganz Chamber prinzipiell géint den CETA-Accord ass?

Claude Adam: Nee, dat wier eng falsch Interpretatioun. D’Chamber huet sech nach net zum Inhalt vu CETA positionéiert. Et ass eis elo éischtens ëm d’demokratescht Matsproocherecht als Parlament gaangen, ëm ee kritesche Warnschoss un d’EU Kommissioun fir ze soen, „Passt op! Wann dir wierklech wéi ugekënnegt dem EU Conseil proposéiert de CETA als „EU exklusiv“ Accord ze stëmmen, da wäert d’Lëtzebuerger Regierung dogéint stëmmen.“ Zweetens goung et eis – wéi grad erkläert – och drëms fir ze soen, dass et inhaltlech nach vill juristesch Onkloerheete gëtt déi am Virfeld sollte gekläert ginn. A schlussendlech huet d’Chamber och kloer gemaach, datt se virun den CETA Ofstëmmungen zu Bréissel vum zoustännegen Ausseminister ëm hir Meenung wëll gefrot ginn.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don