D'Aarbecht vu CARE a Malawi

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères, Femmes
Auteurs : 
Lorsché Josée

Publié le

Dës Woch hat déi gréng Fraktioun eng Delegatioun vu CARE op Besuch fir méi iwwert d'Aarbecht vun der ONG a Malawi gewuer ze ginn.  

Am Kader vun enger Studierees zum Thema „Gesond ouni Honger“ war eis Deputéiert Josée Lorsché am November 2016 mat der ONG CARE a Malawi. Hei hat déi gréng Deputéiert d'Chance, fir d'Projete vun der ONG op der Plaz kennen ze léieren. Am Kader vum Suivi vun dëser Visite war CARE dës Woch op Besuch an der grénger Fraktioun, fir zesumme mam Josée déi aktuell Situatioun a Malawi an d'Efforte vun der Entwécklungszesummenaarbecht am Land ze presentéieren. Dëst virun enger Delegatioun vun Députéierten an enger Mataarbechterin vum Chancëgläichheetsministère. CARE Lëtzebuerg war ënner anerem begleed vun enger malawescher Delegatioun: d'Carol Kayira-Kulemeka vun Oxfam Malawi an de Joseph Maulana vu CARE Malawi, déi d'Diskussioun mat hiren Erfahrunge vum Terrain enorm beräichert hunn.

Malawi ass eent vun deenen äermste Länner op der Welt. Am Entwécklungsindex-Klassement ass d'Land dat 173. vun 188 Länner. D'Bevëlkerung vum Land ass jonk, an am Gaang staark ze wuessen. Duerch de Klimawandel kënnt et ëmmer méi oft zu Dréchenten. Dëst stellt d'Land viru grouss Erausfuerderungen, virun allem an de Beräicher Ernährungssécherheet an Hygiène, wou CARE sech duerch op ville Plaze fir eng Verbesserung asetzt. CARE schafft awer och op aneren Theme wéi zum Beispill der Gouvernance. Ganz besonnesch wichteg ass donieft de goussen Engagement vu CARE fir d'Chancëgläichheet a fir d'Rechter vu Meedercher a Fraen an der Gesellschaft, an der Wirtschaft an, an der Famille. Dëst um Hannergrond vun der Tatsaach, datt déi ekologesch, wirtschaftlech a sozial Problemer vu Malawi enk matenee verbonne sinn. Méi Informatioune fannt Dir op www.care.lu 

 

gréng Blogs