déi gréng zur Reform vun de Kierchefabrécken

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Démocratie, Etat, Institutions
Auteurs : 
Traversini Roberto

Publié le

Haut gëtt an der Chamber d'Reform vun de Kierchefabrécke gestëmmt. Heizou de Roberto Traversini, gréngen Deputéierten a Buergermeeschter vun Déifferdeng:

„Mer stëmmen haut iwwert eng Léisung a Punkto Kierchegebaier of, déi no laangem Hin-an-Hier an no ganz villen Diskussiounen, e gesonde Kompromëss duerstellt tëscht dem Bistum an der ëffentlecher Hand. Et ass awer och e Kompromëss par rapport zu enger strikter Trennung vu Staat a Kierchen. Fir déi gréng ass dësen Text awer net just e Kompromëss, mä eng wierklech gutt Léisung! Et ass eng Léisung am Interêt vun der Saach.

Engersäits läit de Ball elo bei der Kierch, déi ab elo selwer bestëmme kann, wat hir Besoine sinn, a wéi vill Responsabilitéit a Käschten se iwwerhuele wëll. Anerersäits ass et eng modern an zäitgeméiss Approche déi alle Bierger, egal op gleeweg oder net, profitéiert: D‘Kierchegebaier déi net méi gebraucht ginn, kënnen ëmfunktionaliséiert an da sënnvoll fir d‘Allgemengheet genotzt ginn.

Am Ausland ginn et scho ganz flott Beispiller (Concertssall, Bibliothéik, Centre culturel, sozial Wunnengen, Hotel… a souguer privat Gastronomie…). A wéi scho gesot, dess Approche erlaabt et och, datt déi historesch a kulturell wäertvoll Kierchegebäier onofhängeg vun hirer reliéiser oder ziviller Notzung, als architektonesche Patrimoine erhale bleiwen. D‘Kierch bleift also definitiv am Duerf!“

 

gréng Blogs