déi gréng besichen d'Abtei Neimünster

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Culture et Médias

Publié le

Déi lescht Woch hunn déi gréng d’Ausstellung „Breaking the Silence“ besicht

Bei dëser Ausstellung handelt et sech em eng Exhibitioun vu Photoen, Videomaterial an Temoignagë vun Israelesche Veteranen, déi hire Militärdéngscht an den occupéierten Territoirë geleescht hunn. „Breaking the Silence“, enger Ausstellung déi d’nämmlecht heescht wéi d’Organisatioun déi se organiséiert, geet et drëms fir dem Public en Abléck an d’alldeeglecht Liewen an dësen Territoiren ze ginn. Israelesch Veterane féieren a guidéieren d’Leit duerch d’Ausstellung, an deelen hier perséinlech Erfahrunge mat de Visiteuren. Déi gréng Memberen déi un dësem Evenement deelgeholl hunn, hunn d'Ausstellung immens interessant a beräicherent fonnt. D’Ausstellung leeft nach bis den 3 Mee an ass tëschent 2 Mëttes an 9 Auer Owes op. Méi Informatioune fannt Dir hei.

gréng Blogs