Crise de la dette souveraine grecque

Archive

6. März 2012

Débat d’actualité du groupe déi gréng sur les décisions du Sommet de l’Union Européenne du 20 février par rapport de la crise de la dette souveraine grecque.
Extraits de l’intervention de François Bausch.

130 Milliarde fir Griichenland an 530 Milliarden fir Banken

Virun 10 Deeg gëtt den sougenannten Griicheschen Hëllefspak zu Bréissel decidéiert iwwert en Betrag vun 130 Milliarden. Läscht Woch mécht d’Europäesch Zentral Bank hiren Tresor op an léint de Banken 500 Milliarden Euro zum 1% Zënsen. Dofir akzeptéiert se als Garantie Scholdepabéieren zum groussen Deel Staatsscholden, déi des Banken wéinst dem Risiko gäre lass ginn. Dëst Verhältnis: 130 Milliarden fir Griichenland an 530 Milliarden fir d’Banken wéist d’Prioritéiten vum europäeschen Krisemanagement.

Bei der Aktioun vun der EZB hunn mer et mat engem zweeten groussen Bankerettungspak ze dinn, ouni dat en esou genannt gëtt an ouni datt en mat den néidegen ökonomeschen an politeschen Bedingungen verknäppt gëtt déi néideg wieren, wann d’ëffentlech Hand engem Wirtschaftssektor hëlleft, deen sech esou verspekuléiert huet ewéi d’Banken.

Den Hëllefspak fir Griichenland ass keng Hëllef

Dësen Hëllefspak fir Griichenland ass keng Hëllef, mä just e puer Zentimeter méi un deeër Léngt, mat deeër d’Griichen am Moment um europäeschen Parket virgefouert ginn. Dat ass degoûtant. An dat zerstéiert och d’Vertrauen vun de Bierger an eis demokratesch europäesch Institutiounen. Dir wësst dat des Politik dem Land net hëlleft, dir wësst, dat dëst Land muss massiv entschëllt ginn. An trotzdem huelt der net déi Decisiounen déi dem Land et géingen erméiglechen no vir ze kucken an Europa genausou. Dir huelt e ganzt Land an d’Zaang a quetscht et aus, fir Feeler, déi Politiker gemaach hunn, déi awer net weider ubelaangt ginn, weder an Griichenland, nach an Europa.

De Fiskalpakt weist net de Wee aus der Kris

Virun allem awer weist de Fiskalpakt keen Wee aus der akuter Scholden an Wirtschaftskris. Mir wëssen haut, datt net nëmmen Griichenland, mä och Portugal, Spunien an Irland iwwerschëld sinn. A well de Fiskalpakt nëmmen op Spueren setzt, ënnergrieft en d’Kapazitéiten vun de Staaten och ze investéieren. Néierens gëtt dovunner geschwat, dat et méiglech wier iwwert d’Europäesch Investitiounsbank eng Relance ze finanzéieren. Et gëtt Alternativen am Beräich vun den erneierbaren Energien, vum Invest a Bildung a vun Aarbechtsplazen an der Baubranche, déi et méiglech maachen, dat déi europäesch Wirtschaft erëm neen Ulaf kritt. Mee déi stinn net am Fiskalpakt, an si stinn och soss néierens.

 

Ried vum François Bausch an der Chamber [Video] [PDF]

Compte rendu 6, Séance publique 18, Page 219

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don