COP21: Interview mat eise grénge Vertrieder

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Ecologie et environnement
Auteurs : 
déi gréng

Publié le

D'Députéiert Gérard Anzia, Henri Kox, Viviane Loschetter a Claude Turmes iwwer hier Andréck vun der Klimakonferenz zu Paräis

Wéi war däin Androck vun der COP21, Gérard?

Gérard Anzia: Ech konnt ee positiven Androck vun der Konferenz gewannen, well ech gesinn hunn, wéi iwwer 190 Länner un engem gemeinsamen Zil schaffen. Ech hunn e puer éischtklasseg Tables rondes a Konferenze besicht, déi definitiv zum Nodenke bruecht hunn. Fir mech ass et kloer ginn, dass mer méi op Länner wéi Indien lauschtere mussen, wa si eis soen, dass si zwar un der Klimafro schaffen, mee et bei hinnen och nach Problemer wéi beispillsweis Ënnerernährung ginn. Mer däerfen eis net nëmmen op Investitioune konzentréieren, déi eis een direkten economesche Retour bréngen, mee och op déi, déi de Liewensstandard vun de Mënschen a vulnerabele Länner eropsetzen.

Wéi war d’Stëmmung op der Konferenz, Henri?

Henri Kox: Op der COP huet een eng optimistesch Opbrochstëmmung gespuert. Wann den UN-Generalsekretär Ban Ki-moon scho seet „There is no planet B“, da mierkt een dass de Klimawandel kee gréngt Thema méi ass, mee dass en an der Mëtt vu Politik a Gesellschaft ukomm ass. Déi verschidden Akteuren, wéi zum Beispill China, ee Land dat sech laang géint ee Klimaofkommes gewiert huet, hu gemierkt dass Ökologie an Economie net méi eegestänneg getrennt vunenee funktionéieren, mee zesumme schaffe mussen. Dës Opbrochstëmmung ass deen éischte Schrëtt an déi richteg Richtung.

Wat häls du vum Resultat vun der COP21, Viviane?

Viviane Loschetter: Den Accord, deen zu Paräis ënnerschriwwe gouf, ass dee wichtegsten an déifgräifendste Klima-Accord de jee opgestallt gouf. D’Verhandlunge waren zéi, mee zum Schluss hu bal 200 Länner d’Enn vun der Ära vun de fossile Brennstoffer besigelt. Ech wëll och eiser Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hire positive Rôle an hiert Geschéck bei de Verhandlunge luewen. All Mënsch ass sech mëttlerweil bewosst, dass mer haut an elo mussen eppes ënnerhuelen, fir dat muer ons Kanner an Enkelkanner nach op dësem Planéit liewe kënnen. Dës Opbrochstëmmung déi d'COP21 bewierkt huet ass ee neie Moment. Mer mussen dat ausnotze fir de Klimawandel weider mat allen Instrumenter déi mer hunn ze bekämpfen.

Wéi geet et lo weider Claude?

Claude Turmes: No Paräis mussen d’Verspriechen déi d'Staategemeinschaft gemaach huet a konkret Moossnamen ëmgeseet ginn. Säit de gescheiterte Klimaverhandlungen zu Kopenhagen si sechs decisiv Joer vergaang, an dofir ass et ëmsou wichteg, dass lo schnell gehandelt gëtt. Déi eenzeg Léisung ass, sou séier wéi méiglech op 100% erneierbar Energien ëmzeklammen. D’technologesch Léisungen an de Wëllen an der Gesellschaft sinn do, d’EU an d’Memberstate mussen elo déi néideg Instrumenter schafe fir dëst Zil ze erreechen.

gréng Blogs