14. Juli 2014
Am Kader vun der Reform vun de Studenteboursen ass pp Initiativ vum Claude Adam eng gemeinsam Motioun ugeholl ginn, déi d’Regierung opfuerdert, no engem Joer e Bilan ze zéien an en Instrument anzeféieren, fir d’Entwécklung vun der sozioekonomescher Situatioun vun de Studenten ze suivéieren. Ausserdem soll eng offiziell Studentevertriedung geschafe ginn.