Christiane Wickler zum PL6478 - Code de la Consommation

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Protection du consommateur

Publié le

Merci Haer President, 
Merci och dem Rapporteur Alex Bodry fir säin detailléierten an verständliche Bericht, an och u meng Virriedner, déi scho méi oder manner detailléiert op déi eenzel Neierungen vun desem Gesetzesprojet agange sinn.

Ech wärt dann hei net alles nach eng Kéier widderhuelen a mech fir meng éischt Ried op deser Tribüne éischter kuerz faassen.



déi gréng waerten haut desem Projet de loi zoustemmen, well e bedeit insgesamt e Renforcement vun de Konsumenterrechter, a brengt virun allem Kloerheet an de marché vum Colportage.

Dese Projet ass kee Remake vun Scheierschlëffer, Dëppegéisser a Lompekréimer. 
Et ass eng lang iwwerfälleg Upassung fir den Zäitalter vum Internet.

Genee wei meng VirrednerInnen schons betount hun, brengt d'Emsetzung vun deser EU Directive niewt klore Fortschrëtter och e puer negativ Aspekter mat sech, dei mir net dierfen aus den Aan verleiren. 


Mir mussen an dem Kontext e regelméissge Bléck op den Terrain geheien a ggf neideg Upassunge virhuelen. Zum Beispill muss sechergestallt ginn, datt de Beruffsstand vun de Colporteuren, op gudd Lëtzebuergisch den Haus-zu-Haus- oder Stroosseverkeefer, datt déi sich kenne beim Client kloer ausweisen beim Exercice vun hirem Handwierk.

Och muss hei nach nodréiglich e Modus-Vivendi fonnt ginn, wéi a wou d'Leit kennen efficace matdeelen, datt se net wëllen doheem demarchéiert ginn. 


Wat d'Geforen ugeet, kenne mir och net alleng dese Projet isoléiert kucke, mais drun denken, datt mir och nach aaner Verbraucherschutzinstrumenter hunn, wei notamment dat recent Gesetz iwwert den Abus de faiblesse, wat natirlich och an desem Bereich seng Uwenndung muss fannen.

Speziel dei eeler Leit musse protegéiert ginn virun hyperactiven an opportunistischen Vendeuren, dei mat ondurchsichtige Methoden a mat onéierlicher Creativiteit dene Leit d'Suen aus der Tesch zeien. 

Mir brauchen elo eng proactive Communicatiounscampagne vun der Regierung, zesumme mat all den Acteuren an hiere gudd informéierte Leit, an natierlech de verschiddene Berufsverbänn an der ULC. D'Zil muss sinn, fir Vertrauen opzebauen an d'Abuse vun Ufank un ze minimiséieren.

An dem Context fannen déi gréng et wichtig, datt déi vulgariséiert Versioun vum Code de la Consommation sou séier wéi méigelich actualiséirt gëtt, sou wéi och de Konsumenteschutz et fuedert.

Dëse Projet de loi ass och eng gudd Occasioun, fir ze betounen, datt den einheimischen Commerce mat all sengen Responsabilitéiten, keen Interet hott, fir Verbraucherschutzregelen opzeweechen.
Au contraire! 

Klor an deitlich Regelen an Normen fir jidfereen am Handel sin Basiselementer fir mat de Clienten eng Vertrauensrelation ze garanteiren.


De Consument soll ouni apriori, de Choix hunn, fir an engem klassiche Buttik, op engem Verkaafsstand, bei engem Commerçant ambulant oder op der Toile, seng Suen auszeginn, an als Conterpartie eng correct Wuer oder een soigneierten Service zu éierlichen an transparenten Conditionen ze kreien.

All dess Beräicher ginn vun desem Gesetz geregelt an sinn dofir ennert dem Strech e Gewënn fir de Client, an dat op engem klengen mee interessante Marché wei Lëtzebuerg.


Meng Viriedner hunn hei scho vill nei Punkte rausgepickt, dofir wëll ech hei just nach den droit de rétraction, d'Recktrettsrecht beim Kaaf, erwähnen, wat mat desem Projet elo zu Lëtzebuerg op 14 Deeg verduebelt gett, oder déi zimlech detailléiert Virschrëften aus der Directive fir Internet-Transaktiounen.

Eist Objectif ass eng fair an equilibreiert Relation, eng win-win Situation teschent Vendeur an Acheteur.


déi gréng stemmen desen Text deemno mat.

Ech soen eech Merci.

(et gëllt dat geschwatent Wuert)

gréng Blogs