CETA: Dem Claude Adam seng Ried an der Chamber

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères, Economie et Finances
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Dem Claude Adam seng Ried am Débat parlementaire "Comprehensive Economic and Trade Agreement” (CETA) an der Chamber den 20. Oktober.

';

 

Här President,

Wann een als 4. Riedner nom Minister zu engem Sujet Stellung bezitt, dann ass et net ëmmer einfach, fir nach d’Opmierksamkeet vum Plenum ze kréien. Ech hunn d’Gefill, wéi wann dat de Mëtten e bëssen anescht wär. Esou munchereen vun Iech wäert sech d’Fro gestalt hunn: Wéi zéien déi gréng sech dann hei aus der Affär?

Mir hunn eis et net esou einfach gemaach wéi eis Kollegen vun déi lénk - einfach nëmmen „Nee“ zum CETA gesot, an eis doduerch d'Chance huele gelooss fir kënnen e konstruktiivt Wuert mat ze schwätzen, an de Vertrag doduerch ze verbesseren.

Mir hunn eis och net just dorobber beschränkt, Här Gybérien, fir eis Memberen op de soziale Medien doriwwer z’informéieren, dass mir d’Positioun vun enger anerer Partei elo awer wierklech net verstinn. Nee, mir schaffe scho säit laangem inhaltlech op dësem Dossier, an dëst op méiglechst demokratescher Aart a Weis, mat ALL eise Memberen, déi sech beruff gefillt hunn an dësem Dossier e Wuert matzeschwätzen.

Eh bien, Här President, mir zéien eis net aus der Affaire, mir bezéie Stellung, mir hunn an der ganzer CETA Diskussioun Verantwortung iwwerholl, an mir stielen eis och elo, wou mer a Richtung vun engem virleefegen Enn vu de Verhandlungen ginn, an ech betounen, vun engem virleefegen Enn – net aus der Verantwortung.

D’Handelsrelatiounen tëschent Lëtzebuerg a Kanada hunn eng laang Traditioun, genee esou wéi och dat gutt Verhältnis tëschent deenen 2 Länner. Scho kuerz nom 2. Weltkrich - am Joer 1948 - sinn d’Handelsrelatiounen tëschent Lëtzebuerg a Kanada duerch d’Grënnung vun der Chambre de Commerce Canada-Belgique-Luxembourg nohalteg gestäerkt ginn.

Zanter deem, hunn déi zwee Länner och ëmmer méi um multilaterale Niveau, an internationalen Organisatiounen, matenee geschafft. Eis Relatioune mat Kanada sinn awer och duerch eng ganz Rei Traitéen um europäesche Plang gepräägt. Hei ass et wichteg ze erwähnen, dass am Joer 1976 en Accord cadre, dat sougenannte Framework Agreement for Commercial and Economic Cooperation between Canada and the European Community tëschent Kanada an der Europäescher Communautéit ënnerschriwwen gouf. An dësem Accord cadre haten déi zwou Säiten sech géigeniwwer déi bescht méiglech Handelsavantagen zougesprach. Si hate sech dozou verflicht um ekonomeschen a kommerzielle Plang ze kooperéieren. Et gëtt natierlech och aner Accorden déi en Afloss op den Handel tëschent der EU a Kanada hunn. E Beispill heifir ass den Agreement between Canada and the European Community on Trade in Wines and Spirit Drinks. Dësen Traité geet op den Handel mat Spirituosen a Wäiner an, a schützt ënner anerem de Mouselwäin als Marque protégée.

Trotz dësen Traitéen, an trotz der laanger Geschicht vun Handelsrelatioune mat Kanada, gouf seele esou vill iwwert en Handelstraité diskutéiert, ewéi an de leschte Joren a speziell de leschten 18 Méint iwwert CETA.

Mir hunn den CETA-Accord kritesch begleet, vun Ufank un.

Firwat esou kritesch? Majo CETA ass een Fräihandelsaccord tëschent der EU a Kanada, zwee laangjäreg Handelspartner, déi sech a ville Punkten nostinn. Mee et ass een Handelsaccord vun der neier Generatioun, deen däitlech méi wäit geet, wéi déi Accorden aus dem 20. Joerhonnert. Et ass een Handelsaccord, dee Plaz fir vill Hoffnungen opgemaach huet, Hoffnungen op ee méi gerechten a faire Welthandel, an och Plaz fir vill Ängschten, Ängschten virun weideren negativen Auswierkungen vun der Globalisatioun.

D’Geschicht vun CETA geet schonns zréck op d’Joer 2007. Um EU-Kanada Sommet zu Berlin gouf beschloss, fir eng Studie opzeginn, déi sollt analyséieren wat d’Beneficer an d’Käschten vun enger méi enker ekonomescher Zesummenaarbecht tëschent Kanada an der EU kéinte sinn. Dës Etude gouf am Joer 2008 publizéiert, wouropshin am Joer 2009 e Rapport joint (EU/Kanada) nokoum, iert den deemolegen kanadesche Premier Harper, zesumme mam Mirek Topolánek, President vun der tschechescher Republik, déi deemols d’EU Presidence hat, an dem Kommissiounspresident Barroso, um EU-Kanada Sommet zu Prag den Ufank vun den Handelsgespréicher annoncéiert hunn. Bis Oktober 2011 waren 9 formell Verhandlungsronnen ofgeschloss an am Oktober 2013 hunn de kanadesche Premier Harper an de Kommissiounspresident Barroso zu Bréissel annoncéiert, dass déi zwou Parteien zu engem „prinzipiellen Accord“ komm wieren. Fäerdeg publizéiert gouf den Accord awer eréischt nom juristeschen Iwwerpréifen an dem Changement mam ICS, den 29. Februar vun dësem Joer.

Léif Kolleginnen a Kollegen, et iwwerrascht bestëmmt keen heibannen, wann ech behaapten, dass ech als gréngen Deputéierten mam CETA, trotz verschiddene Verbesserungen déi bis haut gemaach goufen, mir nach ëmmer een aneren Accord gewënscht hätt.

Jo! Et ass sécher - wann et eleng un eis geleeën hätt, da géif de CETA Vertrag ganz anescht ausgesinn, wéi deen, iwwert dee mir haut schwätzen. D’Welt an d’EU brauchen eiser Meenung no fir d’Zukunft eng ganz nei Generatioun vun Handelsofkommes. Si brauchen Handelsofkommes, déi den Ëmweltschutz op déi éischt Plaz stellen, déi de Klimaziler gerecht ginn. Si brauche fair Handelsofkommes, déi op demokratesche Grondprinzipie berouen. An, si brauchen Handelsofkommes déi d‘Entwécklungsziler vun de Vereente Natiounen eescht huelen. Si brauchen Handelsaccorden, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt setzen, de Mënsch virun d’Interessen vun de grousse multinationalen Gesellschaften.

Den CETA Accord wäert eis weisen, a wéi eng Richtung datt mer an Zukunft musse goen fir dës Ziler ze erreechen. Den CETA Accord mat sengen negativen an hoffentlech och positiven Säiten. A jo, sécherlech wäert CETA en Afloss op TTIP an weider Fräihandelsaccorden kréien.

A jo! Et ass sécher - wann, et un eis geleeën hätt, da wier och bei CETA vun Ufank un op méi eng transparent Aart a Weis verhandelt ginn. An ech menge mir sinn net déi eenzeg heibannen, déi sech dat vun Ufank un gewënscht hätten.

Den Text, esou wéi mir en elo virleien hunn, ass e Kompromësstext, dee vun 28 EU Memberstaaten mat hire verschiddenste Regierungen, der Europäescher Kommissioun a Kanada zesummen ausgehandelt gouf. A wéi gesot, eigentlech war den Text schonn am Hierscht 2013 fäerdeg ausgehandelt.

Mir haten d’Méiglechkeet, den CETA Vertrag vu viran ofzeleenen. Mir hunn decidéiert, dat net ze maachen, mir hunn decidéiert, dass mer net géinge fräiwëlleg an de Abseits goen. Mir wollten eis bedeelegen un der Diskussioun ëm den Accord, a mir hunn eis bedeelegt! Mir wollten eisen Deel zu enger Verbesserung vum Accord bäidroen, a mir hunn eisen Deel dozou bäigedroen.

Zanter Mee hu mir eis an engem Aarbechtsgrupp intensiv mat CETA ausernee gesat. Mir hu mat europäeschen Experten fir Wirtschaftsrecht an internationalen Handel iwwer inhaltlech an technesch Froen diskutéiert. Meng Partei hat sech och mam Minister Jean Asselborn getraff, fir him eis Bedenken zu verschiddene Punkten zu CETA matzedeelen, ze diskutéieren an Äntwerten op oppe Froen ze kréien.

Nieft eis hunn awer och nach vill aner Acteuren op ville verschiddenen Niveauen Drock gemaach. Mat Succès! En Text, deen eigentlech schonn zou war ass nach emol opgemaach ginn. Aus dem ISDS gouf en ICS. An, CETA krut en Zousazprotokoll ugehaang. Dëst si sécherlech nëmme kleng Erfolleger. An awer sinn ech der Meenung, dass d’Ännerungen déi zanter 2013, deelweis och géint d‘Kommissioun, duerchgesat goufen awer an déi richteg Richtung ginn! Virun allem war dat jo och eise Rôle hei bannen als Deputéiert, dat heescht dass CETA géing ee sougenannten „Accord Mixte“ ginn an d’national Parlamenter domadder d’lescht Wuert behalen.

Vill Leit menge jo, dass den CETA Dossier deemnächst zou wär, wann den EU Conseil bis Jo gesot huet. Mir mengen awer, datt et elo op eisem parlamentareschen Terrain eréischt ugeet an hei nach gréisser Matcher mussen a wäerte gespillt ginn. An och dat ass ënner anerem dem Asaz vu Lëtzebuerg an eisem Parlament ze verdanken.

Konkret geet et drëms, dass d’Fro vun de Schiidsgeriichter jo an de „Mixte“ Deel vum Accord soll kommen, an domadder och wäert a sämtlechen nationalen an den zoustännege regionale Parlamenter musse gekläert ginn.

Wat dës Schiidsgeriichter ugeet, do ass scho villes gesot ginn mee ganz villes ass nach net kloer. Vill Regelen zum Fonctionnement mussen nach ausgeschafft ginn. Mir hunn och nach ëmmer - fir et mol héiflech auszedrécken – gréisser Bedenken wat d’ Noutwennegkeet vun esou Schiidsgeriichter betrëfft.

Onofhängeg vum prinzipielle Problem besti mir och weiderhin dorobber, dass méiglechst schnell e strikte Code de Conduite fir d’Riichter an d’Riichterinnen vun dëse Geriichter muss ausgeschafft ginn, esou wéi et och an der Motioun steet.

Zum Schluss wëll ech dann nach eng Kéier betounen, dat déi gréng de Jean Asselborn och weiderhin a senger Aarbecht wäerten ënnerstëtzen an him fir säin Engagement a seng Ausdauer Merci soen. Mir deelen och déi zousätzlech Lëtzebuerger Bedenken an déi Punkten déi onbedéngt fir Lëtzebuerg mussen erfëllt sinn, déi den Ausseminister en Dënschden am Conseil offiziell zu Protokoll ginn huet.

Allerdéngs gesäit et ganz esou aus wéi wann CETA dëse Weekend nach géif finaliséiert ginn. Speziell d’Demanden vun der Walllounescher Regioun fir Verbesserungen un der Joint Interpretative Declaration decken sech jo och mat eise Lëtzebuerger Fuerderungen. A weider Verbesserungen sinn an eisen Aen ëmmer méiglech esou laang den Traité net offiziell signéiert ass. Et sollt een d’Zäit och notzen fir d’rechtlech Verbindlechkeet an d'Uwendbarkeet vun der Zousazdeklaratioun ze verbesseren an och d’Belge mat an d’Boot ze kréien.

Här President, ech ginn dann och den Accord vun der grénger Fraktioun zu dëser Motioun

Ech soen iech Merci.

Discours Claude Adam

gréng Blogs