Blaualgen & Stausee-Wasserschutzzone

Archive

2. August 2018

Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Bereits seit dem 25. Juli gilt am Obersauerstausee und jetzt auch in Weiswampach ein Badeverbot wegen Blaualgenwuchs. Ursachen sind unter anderem Abwässer, aber auch Dünger und Gülle aus landwirtschaftlicher Aktivität, welche regelrechtes Futter für die Algen darstellen. Dazu erklärt der grüne Nord-Abgeordnete Gérard Anzia, Mitglied der parlamentarischen Umwelt- und Agrarkommissionen:

 

D‘Tatsaach, dass mer elo schonn am Juli Schwammverbueter hunn, weist wie wichteg et ass, datt mer bei de Waasserschutzzone viru kommen an och bei den noutwennegen Aschränkunge wat d’Landwirtschaftlech Praxis ugeet. Mat aktuellen Ulaf fir eng nei Schutzzon ronderëm de Stauséi musse mir et endlech packe kloer Reegelen ze definéieren an déi och ëmzesetzen. Datt dës Waasserschutzzone fir eenzel Baueren eng grouss Ëmstellung bedeiten ass kloer. Dofir ass et eis och wichteg, dës Bauere mat an d’Boot ze huelen, se bei der Ëmstellung ze beroden, an se fir déi Flächen ze entschiedege wou se net méi alles dierfe maachen.

 

Et ass awer Schued wa mat de Baueren a mam Stauséi, eiser gréisster Drénkwaasserquell am Land, elo just Wahlkampfpolemik a Parteipolitik bedriwwe gëtt. D‘Bloalgeproblematik weist, datt d’Waasserqualitéit net zum Beschten ass. An do musse mir elo Léisungen ëmsetzen, an net einfach Näischt maachen an aussëtzen.

 

Eng Deputéiert vun der CSV hat d’läscht Woch op der Chamber-Tribüne proposéiert d’Prozedur fir d’Stauséischutzzon ze ënnerbriechen an nei ze consultéieren. Et ass am Virfeld vill consultéiert ginn an elo leeft jo grad d‘Consultation publique, dofir kënnt d’Ënnerbriechen net an d’Tut! Et gëtt keng Alternative beim Drénkwaasserschutz.

 

Et ass éischter un der CSV fir ze kucke wat se dann elo eigentlech well. Et kann een ne op der enger Säit no gudder Waasserqualitéit ruffen oder bedaueren datt d’Leit net méi kenne schwamme goen, a gläichzäiteg géint Oplagen op landwirtschaftleche Flächen an der geplangter Schutzzon polemiséieren.“

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don