Biometresch Carte d‘identité: schlecht fir Dateschutz a Privatsphär

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Technologies nouvelles
Auteurs : 
Braz Felix

Publié le

déi gréng si géint d‘Aféierung vun enger neier elektronescher a biometrescher Identitéitskaart an déi nei Matriculesnummer. Dësen CSV-LSAP Gesetzestext garantéiert NET de Schutz vun der Privatsphär a setzt op eng problematesch an onsécher Technik.

E Mëttwoch de Mëtten huet eng Majoritéit vun Deputéierten an der Chamber de Gesetzesprojet n°6330 gestëmmt. Och wann dëst Gesetz a munche Punkten e Fortschrëtt fir eis ëffentlech Administratioun duerstellt, gesinn déi gréng dëse sensible Projet iwwert d’Erfaassung vun de Bierger op nationalem an kommunalem Plang a virun allem och iwwert d’Aféiere vun enger neier biometrescher Identitéitskaart mat ganz kriteschen Aen !

Éischtens féiert dëse Projet eng nei Matricule, resp. eng national Identifikatiounsnummer an, déi – leider nach ëmmer - op dem Gebuertsdatum baséiert, obwuel den Avis vun der nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) ganz däitlech fir en anere, méi séchere Modell op Basis vun enger Zoufallsnummer plädéiert huet. D’Regierung hat leider net de Courage fir d’Privatsphär an den Dateschutz konsequent als Prioritéit ze behandelen.

Zweetens féiert dëst Gesetz elo och hei zu Lëtzebuerg eng biometresch an elektronesch Carte d’Identité an. Op engem klengen Chip an der Carte d’Identité wäerten elektronesch Date gespäichert ginn, déi ee ka mat klengen Apparater ausliesen, ouni d’Kaart selwer an der Hand ze hunn. An der Theorie sollen dat just staatlech Servicer kënnen, mee an der Praxis sinn des RFID-Chips am Ausland scho méi wéi eemol geknackt ginn.

Fir déi gréng ass dofir och iwwerhaapt net kloer, wouran de Sécherheetstechnesche Gewënn vun der Biometrie eigentlech soll leien, ausser datt Identitéitskontrollen theoretesch kéinte méi séier duerchgefouert ginn, wann ee seng Carte d‘Identité net méi misst aus dem Porte-monnaie huelen.

Mir gesinn dëst och als d’Weiderféiere vun enger bedrohlecher Entwécklung. Nodeems e klengen Deel vun den Awunner just bei hierem Reespass hu misse biometresch Donnéeën ofginn, gëtt dat mat dëser neier Carte d’Identité carrément op all Bierger ausgeweit. E Pass muss een net onbedéngt hunn. Eng Carte d’Identité ass gesetzlech virgeschriwwen.

Momentan soll just eng digital Photo an eng digital Ënnerschrëft op den Chip kommen, mee wéi laang wäert et dauere bis - genee wéi beim Pass – och Fangerofdréck vun all Bierger drop kommen ? A well et bei dësen elektroneschen Chipe keng 100% Sécherheet gëtt, muss een z.B. domadder rechnen datt d‘Fangerofdréck kënnen onbemierkt ausgelies, d.h. kopéiert ginn. Esou RFID Chipe senden nämlech net just op 1-2 cm Distanz, mee kënnen hire Contenu je no Typ och 1 oder 2 Meter wäit senden.

E wichtege Garde-fou ass fir déi gréng awer zumindest d’Virschrëft, datt all des biometresch Donnéeën net dierfen zentral gespäichert bleiwen an zwee Méint no der Produktioun vun der Kaart automatesch aus der Datebank geläscht ginn. Mee och do kann ee sech froen ob dat net just eng éischt Etapp ass, an ob sech – well mer grad am Kontext vun der SREL Affaire sinn - ob sech dann och laangfristeg un des gesetzlech Virschrëfte gehale gëtt.

gréng Blogs