Aussepolitik: Interview mam Claude Adam

Archive

11. März 2016

Dräi Froen un de Claude Adam iwwer déi aktuell Situatioun an der Aussepolitik

Wat häls du vun der momentaner EU-Migratiounspolitik?

Claude Adam: Europa gëtt ee katastrofalt Bild an der Migratiounspolitik of, well Nationalismen méi ziele wéi Solidaritéit. Mam Deal mat der Tierkei kafe mer eis virun allem Zäit, mee leider hu mer kee Plang B. Mir kënne mat der Tierkei iwwert e Bäitrëtt zu der EU verhandelen. Allerdéngs däerfe mer der Tierkei näischt schenken: Kritäre fir eng onofhängeg Justiz, Rechtsstaatlechkeet a Pressefräiheet gëllen och fir d’Tierkei. An domatt sinn Zweifel um Sënn an Zweck vun esou Verhandlungen an dësem Moment méi ewéi ubruecht. Mer kréien elle Biller aus Griicheland. Wëlle mer wierklech esou Biller fir aner Flüchtlingen dovun ze iwwerzeegen net an Europa ze kommen? Wa Mënschlechkeet an Solidaritéit esou an den Eck gestalt ginn wéi am Moment an der Migratiounsfro, da gi mer schwéieren Zäiten entgéint.

Wéi gesäis du an dëse komplizéierten Zäiten d’Zukunft vun der EU?

Claude Adam: Am Moment schéngt et wéi wann een an Europa géing belount gi wann ee vill géint d’Regele verstéisst, an déi, déi sech un eis Wäerter halen gi bestrooft. Mir musse rëm de Mutt fannen europäesch Léisungen och duerchzesetzen: gemeinsam Wirtschaftspolitik, gemeinsam Währungspolitik a gemeinsam Migratiounspolitik. Grad elo brauche mer éischter méi ewéi manner Europa. Ee weltoppent Europa ass eng Chance fir déi nächst Generatiounen. Et ass naiv ze mengen, mir kéinten d’EU futti maachen, an dann e bessert Europa opbauen.

Wéi gesäis du d’Evolutioun am Dossier TTIP?

Claude Adam: Ech begréissen, dass mer lo an eisem Ausseministère ee Reading Room fir Verhandlungsdokumenter hunn. Et ass awer evident, dass dat net dat ass wat déi gréng ënner Transparenz verstinn. Mee mer schloen dës Dier net zou a profitéieren vun dësem Raum. Ech freeë mech, während der Debatt an der Chamber eraushéieren ze hunn, dass et ee breet Bündnis géint dëse Fräihandelsaccord gëtt. Wa Lëtzebuerg alleng eng Décisioun géing huele, kéinte mer soen TTIP wier gestuerwen. Leider gleewen vill europäesch Länner nach ëmmer, si kéinten Benefice aus dësem Accord zéien. Mir mussen eis bewosst sinn datt hei 28 europäesch Länner mat den USA verhandelen. De Match ass nach laang net gewonn.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don