4 Joer Fukushima: 3 Froen un den Henri Kox

Archive

11. März 2015

En Interview mam Henri Kox zur Situatioun zu Fukushima, de Risiko vun der Atomenergie zu Lëtzebuerg an déi enttäuschend Politik vun der Juncker-Kommissioun

4 Joer Fukushima, wéi gesäit d’Situatioun haut dohannen aus?

Henri Kox: Och haut ass d’Situatioun nach ëmmer katastrophal an aussiichtslos. Souguer laut den Aussoe vum Bedreiwer (TEPCO) géif et nach mindestens 40 Joer daueren, bis de Site gebotzt wier. Bis haut ass net gewosst, wou déi geschmolte Brennelementer higerutscht sinn. Dat heescht konkret: et muss permanent Waasser eragepompelt ginn, fir nei onkontrolléiert Kettereaktiounen ze verhënneren. Dat belaascht natierlech och d’Grond- an d‘Mierwaasser. A souguer an de net evakuéierte Gebidder ass d’Strahlung plazeweis nach enorm héich. Op mannst 120.000 Leit si weiderhin deplatzéiert. An dobäi kommen natierlech och déi enorm finanziell Käschten, déi de Steierzueler droe muss. Alles an allem bedeit dat eng laangfristeg katastrophal Situatioun fir Mënsch a Natur an dat denkbar kloerst Argument, fir där geféierlecher Technologie endlech de Réck ze dréinen.

Nieft enger ganzer Rei manner bekannten – Windscale/Sellafield (1957), Majak/Kyschtym (1957), Three Mile Island/Harrisburg (1979), Tschernobyl (1986) – ass Fukushima elo déi rezentest Atomkatastrophe . Wéi gesäit de Risiko bei eis aus?

Henri Kox: Lëtzebuerg ass ëmzéngelt vun Atomreakteren. An Däitschland sinn der zum Gléck scho vill ofgeschalt, während an der Belscht an a Frankräich méi oder manner kontrovers iwwert d’Notzung vun der Atomenergie diskutéiert gëtt. Mä am Moment gesäit et do leider net gutt aus. 

An der Belsch war ënnert grénger Regierungsbedeelegung 2003 den Ausstig bis 2025 beschloss ginn, mä déi aktuell Regierung schéngt dat wëlle réckgängeg ze maachen a well grad déi eelste Reakteren elo ëm 10 Joer verlängeren. Gläichzäiteg goufen awer dausende vu klenge Rëss an den Drockbehältere vun 2 Reakteren an den Atomzentralen Doel an Tihange festgestallt. An obwuel d‘Ursaach an d‘Konsequenzen net kloer sinn, wëll d’Firma Electrabel se awer nees séier a Betrib huelen. Tihange ass mat ronn 60km iwwregens net vill méi wäit vun eis ewech ewéi de Pannen-Reakter zu Cattenom.

Insgesamt ass et esou, datt déi Technologie net beherrschbar ass. Weider Accidenter sinn dofir just eng Fro vun der Zäit a vun der Plaz! A wat d’Reaktere méi al ginn, wat de Risiko och méi grouss gëtt. Et kann net sinn, datt Reakteren, déi fir 30 Joer gebaut goufen, der duerno 50-60 solle lafen, nëmme fir vill Suen ze verdéngen. Dofir bleiwe mir dohannert, datt déi Zentralen zougemat ginn! 

An trotzdem wëll d’EU-Kommissioun ënnert dem Jean-Claude Juncker elo eng Renaissance vun der Atomkraaft aleeden… 

Henri Kox: Effektiv gesinn d’Pläng vun der Juncker-Kommissioun esou aus, wéi wann en europawäiten Atomausstig keen Thema wier. Stéchwierder ewéi „technologesch Virreiderroll a Punkto Atomkraaft“ an e „neien EU-Atomprogramm“ maachen do net vill Hoffnung an deite souwuel op Neibau wéi op Lafzäitverlängerunge fir veraalte Reakteren ewéi Cattenom hin.

E konkret Beispill dofir sinn och déi skandaléis héich Subside fir en Atomkraaft-Neibau an England (Hinkley Point C), déi d’EU-Kommissioun geneemegt huet, obwuel et laut EU Recht de facto illegal Staatsbäihëllefe sinn. Dofir wärt d’Lëtzebuerger Regierung sech och op Initiative vun der grénger Ëmweltministesch der éisträichescher Klo géint dës Decisioun uschléissen. Sou Subventioune sinn och dee beschte Beweis dofir, datt d’Atomkraaft wirtschaftlech absolut net rentabel ass, mä am Géigesaz fuerchtbar deier gëtt. An dobäi kënnt da nach d’Problematik vun der Endlagerung vum atomaren Offall. Bëlleg erschéngt den Atomstroum just, well net de Client, mä de Steierzueler iwwer Generatiounen dofir bezuele muss. A wéi mer et grad zu Fukushima gesinn, gëtt d’Atomkraaft net just finanziell, mä och mënschlech an ekologesch ganz deier.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don