Interview mam Viviane Loschetter zum neien IVG-Gesetz

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Femmes Justice Santé
Auteurs : 
Loschetter Viviane

Publié le

Madame Loschetter, Dir sidd Rapportrice vum neien IVG-Gesetz. D’Interruption volontaire de grossesse gëtt elo zum Deel depenaliséiert. Wat heescht dat genee?

Viviane Loschetter: Mir huelen d’IVG aus dem Code pénal eraus, dat heescht konkret,  dass an Zukunft e Schwangerschaftsofbroch keng Fro méi ass, déi vum  Strofrecht behandelt gëtt, also kee Verbrieche méi, mä eng Fro vu Santé publique, vun der Gesondheet an dem Wuel vun der Fra am Fall vun enger ongewollter Schwangerschaft.
 
Et ginn elo keng Konditioune méi fir virun 12 Woche kënnen ofzedreiwen?
 
Viviane Loschetter: Nee, mir hunn elo e modernt Gesetz, wat dem Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra gerecht gëtt. Wann eng Fra zu der Konklusioun kënnt, hir Schwangerschaft ofzebriechen - a keng Fra deet sech liicht mat esou enger Entscheedung - da muss se net och nach en Dokter sichen, deen hir Entscheedung géing mat medizineschen oder aneren Argumenter wéi der Détresse validéieren.
 
Wat geschitt mat där ëmstriddener zweeter Konsultatioun?
 
Viviane Loschetter: Déi zweet Konsultatioun gëtt eng Offer. D’Fra kann des Konsultatioun an Usproch huelen, virun oder no der IVG, mä si muss net. Och dat ass eng Stäerkung vun hirem Recht op Selbstbestëmmung.
 
Wat ass mat mannerjärege Fraen?
 
Viviane Loschetter: Och hei ginn et eng Rei Ännerungen. Di wichtegst ass déi, dass wann di jonk  Fra hir Elteren oder hiren Tuteur net wëll informéieren, dëse Choix an Zukunft respektéiert gëtt. Si muss sech allerdéngs während dem ganze  Prozess vun enger erwuessener Vertrauenspersoun begleede loossen. Am ale Gesetz gouf et dann och nach d’Méiglechkeet, dass d’Elteren d’IVG konnte refuséieren. An dem Fall huet di jonk Fra mussen d’Kand géint hire Wëllen ausdroen. E wierklech archaeschen Zoustand, dee mer lo endlech definitiv ofschafen.
 
Wat ass äre Fazit?
 
Viviane Loschetter: Ech sinn immens frou, dass d’Fraen zu Lëtzebuerg no joerzéngtelaangem Kämpfen endlech en IVG-Gesetz kréien, wat hirem Recht op Selbstbestëmmung Rechnung dréit. Et ass och wichteg, dass di betraffe Fraen net méi an de kriminellen Eck gestallt ginn, wëll d’Verschaffe vun enger IVG ass schonn u sech eng grouss Belaaschtung. Mä et gëtt nach vill Aarbecht: mir mussen den Zougang zu de Contraceptiounsmëttelen nach verbesseren a virun allem muss endlech de  Plan d’action  iwwert d’Education sexuelle et affective ëmgesat ginn, besonnesch an de Schoulen an an de Lycéeën.
 
 
De Rapport vum Viviane Loschetter:

 
D'Ried vum Josée Lorsché:

gréng Blogs