20 Joer "déi jonk gréng"

Catégories : 
Actualité

Publié le

3 Froen un d’Catia Fernandes an de Bob Picard, Spriecher vun der grénger Jugendorganisatioun

déi jonk gréng bleiwen eng wichteg a ganz aktiv Komponent vun der „Mammepartei“. Mä mat 20 sidd der elo souzesoen „erwuessen“, oder?

Catia: Als „Erwuessenen“ tendéiert een dacks dozou, d’Problemer an d’Realitéit vun de Jugendlechen net méi ganz ze erfaassen, obwuel et sécherlech och an der eegener Jugend Problemer an Theme goufen, déi engem wichteg waren. Dofir géif ech éischter soen, déi jonk gréng sinn als Organisatioun „méi räif“ ginn. Mä eisen Altersduerchschnëtt bleift zimlech jonk. Bei eis engagéieren sech momentan Jugendlecher a jonk Erwuessener tëscht 14 a 35 Joer, an et kommen ëmmer nees engagéiert jonk Leit derbäi.

Wat ass dann d’Kärmissioun vun déi jonk gréng? A wat gouf bis haut erreecht?

Bob: déi jonk gréng stinn zu 100% hannert de grénge Prinzipien a setzen sech fir progressiv Iddien a Projeten a Gesellschaft a Politik an. Mir sti fir eng natur-, déieren- a sozialgerecht Politik am Déngscht vum Allgemengwuel. A mir fonctionnéieren als ee flotten an interessanten Treff fir all déi jonk Léit, déi sech fir dës Prinzipien och politesch staark maache wëllen. Mir bidden eng oppen Diskussiounsplattform fir all jonke Mënsch, eis Versammlungen si fir jiddereen zougänglech, an et gëtt och kee gezwonge Parteimember ze gi wann e bei eis kënnt.

Catia: Mir probéiere mat sozio-ökologeschen an och ekonomesch gerechte Léisungsvirschléi en direkten Impakt op d’Realpolitik ze hunn, an zwar souwuel no bannen an der grénger Partei wéi och no baussen an der Gesellschaft. An et ass immens flott a motivant als engagéierte jonke Mënsch, resp. als Jonke Grupp, wann ee gesäit datt een tatsächlech een Impakt huet (laacht).

Eppes fir dat mir eis z.B. scho vun Ufank un agesat hunn, ass e besseren ëffentlechen Transport, eng besser Offer de Weekend an Owes an natierlech och d’Gratisbenotzung fir all Schülerinnen a Schüler. An elo mam grénge Minister François Bausch geschitt och endlech eppes. Ab dëser Rentrée ass de gratis Schülertransport eng Realitéit. Mee och d'Grënnung vun der Zentral fir politesch Bildung war ëmmer eng Fuerderung vun eis a stoung an eisem leschte Walprogramm. Och déi ass elo am Opbau.

D’Gebuertsdagsfeier vum leschte Weekend ass laanscht an de vegane Kuch ass giess. Wat steet als Nächstes un?

Bob: Ee vun de momentan wichtegste Punkten op eiser Agenda si CETA an TTIP. déi jonk gréng wäerten sech weiderhin dofir asetzen, dass dës op récksiichtlosem Wuesstem baséierend Ofkommen esou net a Kraaft trieden.

Mir schaffen och weiderhin dorops hin, datt sech d‘Wunnengspolitik méi sozial-, a jugendgerecht entwéckelt, mat méi Co-Locatioune speziell fir Studenten an déi, déi no hire Studien an d’Beruffsliewe starten.

Catia: Natierlech setze mir eis och weiderhi fir eng méi ambitiéis Déiereschutz-, Ëmwelt- an Energiepolitik an. Mee ab elo wäerte mir eis och musse mat den nächste Gemengewale befaassen fir natierlech all jonk Grénger ze ënnerstëtzen déi d’nächst Joer wëlle bei de Gemengewale matmaachen, mee fir och ganz allgemeng déi jonk Lëtzebuerger an net-Lëtzebuerger Wieler fir des Lokalwalen ze sensibiliséieren.

gréng Blogs