1-Euro Gesellschaft

Archive

13. Juli 2016

Dräi Froen un d’Josée Lorsché zur SARL simplifiée.

1) Madame Lorsché, haut stëmmt d’Chamber de Gesetzestext zu der sougenannter 1-Euro-Gesellschaft. Em wat geet et bei dësem Gesetz?
Josée Lorsché: Eng lieweg Wirtschaft brauch Leit, déi sech selbstänneg maachen. D’SARL simplifiée (SARL-S), oder 1-Euro Gesellschaft, ass dofir en Instrument, dat mer hautesdags brauchen. Eng gutt Iddi an e Laptop sinn am Internetzäitalter dacks den éischte Schrëtt fir eng Entreprise ze grënnen. Amplaz vun 13.200 oder méi Euro Startkapital brauch een der an Zukunft insgesamt nëmmen nach 191 fir an d’selbstännegt Beruffsliewen eranzeklammen.

2) Wat fir eng Virdeeler bréngt dat neit Gesetz mat sech?
Josée Lorsché:
Dem Justizminister Félix Braz säi Gesetzprojet vun der SARL-S ass e weidere Beweis fir eng konsequent Ëmsetzung vum Regierungsprogramm. D’SARL-S encouragéiert d’Innovatioun, an dréit dozou bäi, datt innovativ Leit hei am Land bleiwen, an net an eis Nopeschlänner ginn, wou et schonns ähnlech Gesetzer gëtt. D’SARL-S zeechent sech awer och duerch manner Bürokratie a méi schnell Prozeduren aus. Den éischte Schrëtt an d’Selbststännegkeet gëtt vereinfacht. Eng ganz Panoplie vu Beruffssparten kéint dovunner profitéieren: nieft de scho genannten Internetstartups och zum Beispill IT-Spezialisten, Consultanten, Iwwersetzer, Kënschtler asw.

3) Besteet dann elo net d’Gefor, datt Firmen – amplaz Personal direkt anzestellen – potentiell Employéë freet fir eng SARL-S ze grënnen an iwwert dëse Wee mat hinnen zesummenzeschaffen? Dëst kéint jo dozou féieren datt d’Aarbechtsrecht géif ënnergruewe ginn.
Josée Lorsché:
Dëst ass effektiv e pertinente Punkt, deen d’Chambre des Salariés och schonns opgeworf hat. Fir déi gréng ass et immens wichteg, datt Firmen dat neit Gesetz net kënnen ausnotze fir d’Aarbechtsrecht ze ëmgoen. D’Méiglechkeet vun eventuellen Abusen ass och an der Chamberskommissioun diskutéiert ginn. Den Aarbechtsminister ass sech dem Problem bewosst an huet verséchert datt d’Inspection du Travail punktuell a regelméisseg kontrolléiere wäert datt keen Abus mat dem neie Gesetz gedriwwe gëtt.

 

[[{„type“:“media“,“view_mode“:“media_large“,“fid“:“6592″,“attributes“:{„class“:“media-image“,“height“:“329″,“width“:“428″}}]]

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don