„Mir mussen hëllefen! Alles anescht wier onmënschlech!“

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères, Europe, Migrations
Auteurs : 
Kmiotek Christian

Publié le

Interview mam Christian Kmiotek zur Flüchtlingskris

Och zu Lëtzebuerg ass d’Solidaritéit an d’Hëllefsbereetschaft grouss, wéi et eng sëllechen Initiativen aus der Zivilbevëlkerung beweisen…

Christian Kmiotek: Jo, d’Leit hei am Land hunn erkannt, datt et hei ëm Mënscheliewe geet. Et geet em Leit wéi du an ech, Mënschen, déi aus hirer Heemecht hu musse flüchten, well hiert Land amgaang ass, vun engem schreckleche Krich zerrappt ze ginn. Si kommen heihin, well si hire Kanner e Liewen a Sécherheet erméigleche wëllen.

Ze gesinn, dat et sou eng grouss Hëllefsbereetschaft an der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft gëtt, freet mech perséinlech ganz besonnesch. Et ass nämlech nach net sou laang hier, do hunn och vill Lëtzebuerger wéinst Krich a Verfolgung missten eist Land verloossen. Sou huet och meng Famill viru gutt 70 Joer mussen Schutz am Ausland sichen, deen si glécklecherweis och do fonnt huet. 

Ech mengen dat spéitstens déi schrecklech Foto vum klengen Aylan op der Plage bei ville Leit a ganz Europa d’Alarmklacke schelle gelooss huet. Hien steet symbolesch fir déi iwwer 10.000 Kanner, déi an deem Krich oder op der Flucht hiert jonkt Liewe verluer hunn. Dëst ass eng onerträglech Virstellung, an dofir musse mir deene Leit hëllefen; alles anescht wier onmënschlech.

 

Wat kann dat klengt Lëtzebuerg géigeniwwer där onbeschreiflecher humanitärer Kris bewierken?

Christian Kmiotek: Lëtzebuerg ass e flexibelt Land mat kuerze Weeër. Dëst ass an der momentaner Situatioun eng duerchaus positive Saach. Et heescht nämlech, dat mir déi richteg Viraussetzungen hunn, fir schnell kënnen ze reagéieren. Mir sinn och lo schonns besser op den Zoustroum vu Flüchtlingen preparéiert, wéi mir dat Ufank de 90er Joeren waren, wou vill Krichs-Flüchtlingen aus Jugoslawien koumen: et ginn lo eng Rei Opfangstrukturen a mer hu Prozeduren fir den Accueil.

Nodeems verschidde Gemengen schonns Flüchtlinge bei sech opgeholl hunn, sinn anerer lo amgaang aktiv no Méiglechkeeten ze sichen, fir dat och si Mënschen an Nout kënne bei sech ophuelen. Hei muss een och erwähnen, dat hei am Land Flüchtlingskanner an der Regel an déi normal Schoul ginn, zesummen mat de Kanner vun hei. Dëst dréit sécherlech zu enger schneller Integratioun an der lëtzebuerger Gesellschaft bäi. 

 

Wat fir Léieren musse mir aus der ablécklecher Situatioun zéien?

Christian Kmiotek: Fir mech ass eng vun deene wichtegste Léieren déi, dat pickegen Drot keng Léisung ass. Zanter dem Joer 2000 hunn d'EU-Staaten op mannst 13 Milliarden Euro ausginn, fir "illegal" Migratiounsflëss an d'EU ze stoppen. Mir gesinn momentan, dat dës Strategie sech als immens deier an ineffizient erwisen huet. Ausserdeem mussen Flüchtlingen sech op ëmmer méi geféierlech Weeër woen, fir an d'EU eranzekommen. D'Resultat heivunner kenne mir all. Illegal Trafikanten verdénge sech eng gëllen Nues, während am Mëttelmier Dag fir Dag Mënschen erdrénken. Et schockéiert mech och dofir zudéifst wann ech héieren, dat Ungarn momentan keng aner Méiglechkeet gesäit, wéi seng Grenzen wuertwiertlech zou ze verbarrikadéieren. D'Haltung vu verschiddenen EU Memberstaten ass bal net nozevollzéien. Et gëllt dofir sou séier wéi méiglech eng Léisung um europäeschen Plang ze fannen. 

Positiv ass allerdings, dat de Kommissiounspresident d'lescht Woch dofir plädéiert huet, fir zousätzlech 120.000 Flüchtlingen an der EU opzehuelen. Dat heescht awer elo, dat d'EU, an déi verschidde Memberstate séier mussen un enger gemeinsamer Flüchtlingspolitik schaffen, fir dat dës Mënschen sou schnell wéi méiglech kënnen an der EU opgeholl ginn. Dëst bedeit dat d'Flüchtlingen op eng gerecht Aart a Weis op déi verschidde Memberstate musse verdeelt ginn. Vill méi wichteg ass et awer, dat déi verschidde Memberstaten sech solidaresch mateneen erweisen. Et ass en entscheedende Moment fir di Europäesch Unioun. Nach méi wéi virdrun musse mir der Welt lo beweisen, dat d'EU de Friddensnobelpräis 2012 net zur ongutst krut.

gréng Blogs