Ëmgang mat Pestiziden: 4 Froen un de Gérard Anzia

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Agriculture Ecologie et environnement Santé
Auteurs : 
Anzia Gérard

Publié le

Virun 2 Méint hu mer Iech zu de Pestiziden am Drénkwaasser interviewt. Des Woch gouf elo an der Chamber en neit Gesetz iwwert den Ëmgang mat Pestizide gestemmt. Wat ass elo nei?

Gérard Anzia: Mam neie Gesetz huet eis Regierung eng scho jorelaang iwwerfälleg EU Directive ëmgesat, déi op eng Reduzéierung vum Pestizidgebrauch an insgesamt op e méi sécheren Ëmgang mat dëse Substanzen oofziilt. Pestizide ginn heimatter net ganz verbueden. Et kommen awer vill méi streng Oplagen an endlech och deelweis Verbueder wéi z.B. am ëffentleche Raum, notamment op a ronderëm Spillplazen oder fir d‘Natur-a Waasserschutzzonen. Insgesamt soll och d’Quantitéit vun de Pestiziden déi zu Lëtzebuerg verspreet ginn, graduell erofgoen. Do soll den Agrarminister méiglechst schnell en nationalen Aktiounsplang mat kloren Ziler a Fristen ausschaffen.

 

D’Pestizide gi jo souwuel vu Baueren, wéi och vu Firmen, Gemengen a Privatleit agesat. Wéi steet et nieft der Gefor fir d‘Waasser, Liewensmëttel, Béien a Biodiversitéit, dann a Punkto mënschlech Gesondheet?

Gérard Anzia: Richteg. D’Pestizide sinn och eng direkt Gefor fir déi Leit déi se privat oder professionell asetzen, d.h. speziell och fir d’Baueren. A Frankräich ass zum Beispill scho säit iwwer 2 Joer Parkinson als duerch Pestizidgebrauch verursaachte landwirtschaftlech Beruffskrankheet unerkannt, an et gëtt nach vill weider Verdachtsfäll zu anere Krankheeten. De Link gëtt bei ville Substanzen ëmmer méi kloer. Och do besteet zu Lëtzebuerg nach akuten Handlungsbedarf bei der Opklärung, mee och beim medezinesche Suivi, den Analysen a Statistiken.

 

Wéi kann een déi Mëssstänn ugoen?

Gérard Anzia: D’Waasser- an Ëmweltbelaaschtung, genee wéi och d’Gesondheetsgeforen si jo alles Konsequenze vum selwechte Problem, nämlech dem breede systematesche Gebrauch vu Pestiziden a besonnesch och der Ofhängegkeet vun der intensiver klassescher Landwirtschaft. Eist gréngt Zil ass et fir souwäit a sou schnell ewéi méiglech de Pestizidgebrauch erofzeschrauwen an iwwerall wou et méiglech ass drop ze verzichten. Dat giff och dem Problem vum Beiestierwen entgéint wierken. An dësem Dossier spillen d’Bio-Landwirtschaft an de Bio-Wäibau eng ganz wichteg Roll, mee awer och d’Ackerbauschoul, fir d’Aus- a Weiderbildung vun de Baueren. Dat neit Gesetz ass op dësem Wee eng wichteg, mee scho laang iwwerfälleg, Tëschenetapp.

 

De Problem läit also och bei der Opklärung an der Formatioun?

Gérard Anzia: Jo, de Problem läit och bei der Ausbildung! Am Moment gëtt z.B. d’Bio-Landwirtschaft, déi ouni Pestiziden auskënnt, bei der offizieller Formatioun absolut vernoléissegt. Dat féiert natierlech dozou, datt och den Nowuess den Asaz vu Pestiziden net a Fro stellt an alternativ Methoden net genuch kennt. Dobäi kennt dann nach, datt deen a der Schoul geléierten Ëmgang mat de Pestiziden duerno am Betrib dacks vill méi lasch gehandhaabt gëtt an de Gesondheetsrisiko klemmt. Ech denken hei u ganz banal Mesuren ewéi z.B. de richtegen Ëmgang mat Schutzkleedung, u Maschinnen, déi net richteg ofgedicht sinn, déi falsch propper gemaach goufen, asw. Do si mer dann direkt nees bei der Gesondheet an den erwähnten Zesummenhäng tëscht Pestiziden a Parkinson oder weidere Krankheeten. D’Leit, och d’Privatleit an hirem Gaart, sinn sech dëser Dimensioun net bewosst.

 

An deem Zesummenhang hei nach eng question parlementaire vum Josée Lorsché

 

An hei dem Gérard Anzia seng Ried an der Chamber: