Méi Frae - gutt Politik

“Ech engagéiere mech politesch, well ech mech fir eng Zukunft staark maachen, déi fair a liewenswäert ass. Dobäi ass et mer wichteg, mech mat verschiddene Meenungen ausenanerzesetzen an dorausser gemeinsam Positiounen auszeschaffen. Erfolleg entsteet  menger Meenung no dann, wa mir all zesummen déi selwecht Ziler erreeche  wëllen. An als jonke Grénge stees du ni eleng do.”

Jana Weydert, aktiv bei déi jonk gréng a global young greens

 

Méi Frae - gutt Politik

Jo, och déi gréng maache Campagne fir gläich Rechter tëschent Mann a Fra – an dat zënter méi wéi 30 Joer. 

Dat ass fir eis eng Selbstverständlechkeet, genau esou ewéi mir zënter jeehier 50/50 Fraen a Männer ob eise Wahllëschten hun. Trotzdeem ginn och op eise Lëschten nach ëmmer manner Frae gewielt. 

Dat muss anescht ginn. Mir wëllen, datt Fraen an der Politik méi visibel ginn, a méi zu Wuert kommen. Frae sollen déi Plaz an der aktiver Politik kréien, déi hinnen zousteet. Nëmmen esou profitéiere mer all vun enger Politik, déi gläichermoosse vu Fraen a Männer fir Fraen a Männer gemaach gëtt. Méi Fraen gehéiert dofir einfach zu gudder Politik. 

Fir ze weisen, wéi villfälteg eis Fraen eng Hand mat upake fir gréng Politik ze maache, wien si sinn a wat si motivéiert, wëlle mer iech an de nächsten Deeg 6 engagéiert Frae virstellen. Villäicht ginn se iech jo och Loscht, fir mat ze maachen! Et mécht Spaass, et gëtt Sënn an de Courage fir weiderzefuere kënnt vum selwen, wann een den éischte Schratt gemaach hutt.

Dir sidd intresséiert oder hutt eng Fro? Da mellt iech bei eiser Parteipresidentin Françoise Folmer via ffolmer [at] greng [dot] lu (subject: M%C3%A9i%20Frae%20-%20gutt%20Politik) (Mail) (ffolmer[at]greng.lu) oder Facebook!
 

Si sinn och engagéiert

“Ech engagéiere mech fir eng lieweg an nohalteg Gemeng, fir d’Natur an d’Leit, mee ganz besonnesch fir d’Kanner an d’Jugend. Duerch mäin Engagement an der Elterevereenegung a fir Refugiéë weess ech, dass een och mat klenge Projete scho ganz vill beweegen a Leit zesummebrénge kann. Houfreg wier ech, wann ech och aner Fraen a Mammen dozou motivéiere kéint.”

Giny Deltgen, aktiv bei déi gréng dikrich, Member vum Comité Exécutif déi gréng

 

“Politik ass fir mech ëmmer en Engagement fir d’Mënschen. Esou ass Klimaschutzpolitik net just en Asaz fir eis Ëmwelt, mee och fir d’Mënscherechter a méi sozial Gerechtegkeet an der Welt. Andeem ech e klore Wee opweisen a vermëttele, wéi eng Wäerter dohannert stinn, kann ech d’Leit motivéiere mat ze goen. Fir mech ass dat de Schlëssel fir politeschen Engagement an Erfolleg. Mat Optimismus, enger gudder Equipe an engem laangem Otem kann een dann all Erausfuerderung ugoen.”

Carole Dieschbourg, gréng Ëmweltministesch

 

“Ech war nach ëmmer politesch interesséiert an du koum iergendwann de Punkt, wou ech och eppes beweegen wollt. Duerch mäin Engagement kann ech dat elo maachen. Ech léieren ëmmer dobäi a gesinn och wéi aner Leit, virun allem déi Jonk, selwer nei Kompetenzen entwéckelen. Ech weess, dass ech net eleng do stinn, an zesumme kënne mer Positiounen a Visiounen ausschaffen. Dat mécht Loscht op méi.”

Catia Fernandes, Spriecherin vun dei jonk greng, aktiv bei dei greng Stad

 

“Ech engagéiere mech, well ech interesséiert sinn un deem, wat a menger Gemeng geschitt, a well ech motivéiert sinn, fir do eng Hand mat unzepaken. Politik gëtt net just am Parlament gemaach, mä se entsteet och do, wou Leit sech austauschen, sief et an enger Gemengekommissioun oder och ganz einfach beim spadséiere goen. Lokal handelen a global denken, dat ass mer wichteg an dat wëll ech vermëttelen.”

Belinda Scheurer, aktiv an der Auslännerkommissioun fir déi gréng Sandweiler

 

“Nolauschteren, oppen op d'Leit duergoen an zesummen eppes opbauen. Esou wëll ech mäi Bäitrag fir eng besser Welt leeschten, sief et am Stater Gemengerot, am Déiereschutz oder och privat am Alldag. A wanns de bis gesäis, dass de wierklech eppes beweege kanns, da kënnt de Courage vum selwen. Du muss just den éischte Schrëtt maachen!”

Claudie Reyland, Co-Presidentin vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, Gemengeréitin Stad Lëtzebuerg

 

gréng Blogs